Et ass säin éischte Long-Métrage an dee kritt direkt e Superlativ.

De jonke Realisateur Félix Koch huet de Lëtzebuerger Comic-Held "Superjhemp" lieweg gemaach an an de Kino bruecht. Geléiert huet hie säin Handwierk op der Filmhéichschoul zu Potsdam-Babelsberg, mä och Erfarunge bei der Tëlee op KIKA an als Assistent beim Bully Herbig gemaach.

Wat hie schonn alles realiséiert huet a wat hien alles bei den Dréiaarbechten fir "Superjhemp retörns" geléiert huet, huet de Félix Koch an der Mëttesstonn en Donneschdeg erzielt.

AUDIO: Am Gespréich: Félix Koch

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op Radio Lëtzebuerg.