1980 am Irak-Iran Krich huet de Najem Wali seng Heemecht Irak misse verloossen, nodeems hien inhaftéiert a gefoltert gouf.

Am Exil zu Hamburg a Madrid huet hie studéiert a lieft haut als Auteur vu Romaner, Saachbicher an Artikelen fir renomméiert Zeitungen tëscht Berlin a Bagdad.
Dësen Donneschden war de präisgekréinte Schrëftsteller op Invitatioun vum Institut Pierre Werner zu Lëtzebuerg. Hie war de Schlussriedner op der zweeter Nuit des idées am MUDAM. En Owend geduecht, fir e breeden Austausch tëscht Gäscht a Public iwwert een Thema. Dëst Joer d'Fro: Wat ass Engagement?

VIDEO: Thema Engagement: "Nuit des idées" am Mudam
D'Nuit des idées, déi schonn an 100 Stied weltwäit organiséiert gouf, ass elo fir déi 2. Kéier zu Lëtzebuerg am Mudam.