D'Thorunn an den Thomas Schoos bréngen den 3. Oktober zesummen hiert éischt Buch eraus: "Pelle Svensson und die Republik der Tiere".

D'BD kënnt esouwuel op Däitsch wéi och op Franséisch eraus. Et ass d'Geschicht vum Pelle Svensson, engem klenge Jong, deen erausfënnt, dass seng Welt op der Kopp steet: Op senger Heemeschtsinsel Utopien regéieren nämlech net d'Mënsche mä d'Déieren:
De Pelle wunnt bei der Hondsfamill Pudl an engem Käfeg. Enges Daags leeft hien awer zesumme mat sengem Kolleg Wladimir fort. Di zwee sinn op der Sich nom Pelle senger grousser Léift, dem Pippa, ma se musse sech virun deem béisen Herrscherdackel Vito Gaddafoni an Uecht huelen. Deen ass nämlech op der Sich no fräilafende Mënschekanner a setzt alles drun, se anzespären.

Ob de Pelle säi Pippa fënnt, wat et mat deenen décke Männer am Camion op sech huet an op weem senger Säit d'Barbare stinn, dat gitt dir am Buch "Pelle Svensson und die Republik der Tiere" ("Pelle Svensson et la république des animaux") gewuer.
D'Bande Dessinée ass illustréiert vum  Marc Angel (Illustrator , Editeur an Auteur vun BDen), deen ënner anerem duerch Wierker wéi «Deemols – épisodes de l’histoire luxembourgeoise» oder «Eng Rees ëm d’Welt/Un voyage autour du monde» bekannt ass.

Gesponsert ass d'Buch vun Eida. A firwat ausgereschent Eida? Ma well Gréng Energie gutt bei d'Geschicht passt vum klenge Pelle Svensson deen erausfënnt, datt seng Welt op der Kopp steet: net d'Mënschen, mä d'Déier régéieren iwwert d'Insel Utopien.

RTL