De bekannte Lëtzebuerger Moler Ben Heyart ass dout. Hien ass en Donneschdeg am Alter vun 81 Joer gestuerwen.

De Ben Heyart gouf 1927 gebuer an huet Konscht a Molerei zu Paräis a Bréissel studéiert.

RTL

Zu Lëtzebuerg huet hien och als Zeecheprof am Kolléich geschafft, an e gouf Konscht Coursen am Institut Pédagogique zu Walfer an am Centre Universitaire.

Am Joer 1997 gouf et eng grouss Retrospektiv vu séngem Wierk der Villa Vauban.

Charakteristesch um Ben Heyart senger Molerei ass seng Observatioun vun der Natur, déi hien bis an déi lescht Detailler, bis hin zuer Abstraktioun, a senge Biller verschafft huet.