Cabarenert: Première vum neie Programm "Elauter Poppenetti"

Déi politesch-satiresch Texter hunn Aktualitéitsthemen ewéi d'Educatioun, d'Euro-Kris oder d'Banken op d'Schëpp geholl. / © Christiane Kremer
Aktualitéitstheme satiresch opgeschafft dominéieren deen neie Programm vum Cabarenert. Vrun allem den 2. Deel vun "Elauter Poppenetti" konnt iwwerzeegen.
Seng Spezialitéit waren d'Parodië vu méi oder manner bekannte Lëtzebuerger, domatter huet den Ensemble Cabarenert an de leschte Joere säi Publikum begeeschtert.
Um Mëttwochowend war an der Abtei Neimënster d'Première vum neie Programm "Elauter Poppenetti", eng Première, déi mat vill Spannung erwaart gouf. Vun de Leit vun der éischter Stonn si just nach d'Monique Melsen als Actrice an de Roland Gelhausen als Auteur aktiv. Den Drock war also grouss ...
"Alles Poppenetti" ass eng Uspillung op déi Onmass vu Wuert-Kreatiounen, déi gebraucht ginn, fir all méiglech politesch a wirtschaftlech Situatiounen a Krisen ze beschreiwen, also firwat net Poppenetti?
Geschriwwe goufen déi 17 Texter vu Claudine Muno, Jhemp Hoscheit, Al Ginter, Lucien Czuga a ebe Roll Gehausen. D'Bühn an d'Kostümer loossen u Schwaarz-Wäiss-Molerei denken an iergendwéi steet de Widdersproch och fir déi zwee Deeler am Programm. Den Owend huet sech am éischten Deel eng gutt Zäit gezunn, bis de Fonken iwwergesprongen ass. Am zweeten Deel hu sech déi 4 Acteuren awer ëmmer méi wuel gefillt an.
Nieft der Kris, déi kloer als Thema dominéiert, kommen awer och d'Educatiouns-Reform, d'Kulturland Lëtzebuerg, d'Banken, d'Asylanten an och den Duo Merkozy op d'Tapéit.
Fir den Auteur Roland Gelhausen war et eng gegléckte Première, och wann hie selwer fir d'éischte Kéier net mat op der Bühn stoung.
Déi besonnesch Spezialitéit vum Cabarenert ware jo ëmmer hir gegléckte Parodië vu bekannte Lëtzebuerger Personalitéiten. Karin Seywert, Al Ginter, Marcel Heintz a Monique Melsen trieden dann och déi Kéier op als Politiker wéi Krecké, Schmit, Jacobs, Modert, Lulling, Sarkozy, Merkel, mä och als Grande-Duchesse oder Stärekächin.
D'Musek ass vum Paul Dahm a Camille Nanquette, den Dekor vun Anoul schiltz a Bruno Funes an d'Kostümer vu Sylvie Hamus a Cristina Kneip.