Europeana 1914-1918: Déi Lëtzebuerger Nationalbibliothéik mécht bei deem Projet mat a rifft op, den Opbau vun enger virtueller Sammlung ze ënnerstëtzen.

Dir hutt Erënnerungsstécker aus dem 1. Weltkrich? Bréiwer, Fotoen, Tagebicher, Tounopnamen oder Filmer? Dir kennt eng Geschicht oder hutt eng Anekdot vun engem, dee vum 1. Weltkrich betraff war?

Da kënnt Dir den Opbau vun enger virtueller Sammlung iwwert den 1. Weltkrich, deem säin 100. Anniversaire jo 2014 ass, aktiv ënnerstëtzen.

De Projet heescht Europeana 1914-1918 a gëtt vun Europeana, där grousser europäescher digitaler Bibliothéik, an der Oxford University koordinéiert.

Een engagéierten Acteur ass och déi Lëtzebuerger Nationalbibliothéik, déi de 6. Mäerz een Aktiounsdag organiséiert, fir iwwert de Projet z'informéieren a méiglechst vill Bäiträg fir den Europeana-Projet ze recoltéieren.

Weider Partner sinn d'Archiven (Archives nationales de Luxembourg) an "plurio.net", de Kulturportal aus der Groussregioun.

© Europeana 1914-1918

Zu Lëtzebuerg koum et an de Joren 1914 bis 1918 zwar ni direkt zu wierkleche Krichszeenen. Et waren éischter déi sekundär Konsequenzen ewéi den "Duerchmarsch", Präisdeierechten, Hongersnéit oder d'Angscht ëm déi, déi am Ausland un de Fronte stoungen, déi de Lëtzebuerger ze schafe gemaach hunn.

Deen éischte sougenannten "Community Collection Day" war 2011 an Däitschland an hat ee grousse Succès.

Op esou engem "Community Day", wéi en de 6. Mäerz dann elo och hei am Land ass, kënne Privatleit hir al Archive vum 1 Weltkrich (Postkaarten, Bréiwer, Tagebicher) a verschidde Bibliothéike bréngen an déi dann do digitaliséieren loossen. Dat Ganzt gëtt dann eng grouss "Collectioun" vun der "Community"op Europeana.

Zu Lëtzebuerg wier de Rendezvous also den Dënschdeg, 6. Mäerz an der Salle des Arts vun der "Bibliothèque nationale" (37, bvd F.-D. Roosevelt, L-2450 Luxembourg) an zwar vun 9 bis 19.30 Auer.

Ganz wichteg: Well alles soll digitaliséiert ginn, kritt jidderee seng Erënnerungsstécker direkt nees mat Heem. An och nom 6. Mäerz kann een deemno wéi nach Saache laanscht bréngen.

Weider Aktiounsdeeg ginn et iwwregens am Mäerz och nach a Groussbritannien, Irland a Slowenien an am Abrëll nach een an Dänemark.

Zu Lëtzebuerg sollen 2013 an 2014 och nees Aktiounsdeeg ofgehale ginn.