Lëtzebuerger Buchpräis fir "Monsteren am Gaart", "Top Secret 2", "Tatort Rollengergronn" a "Lëtzebuerg an de 60er Joeren". Spezialpräis: R. Manderscheid.

Am Virfeld vun de Walfer Bicherdeeg dëse Weekend (14.-16. November) gouf den Donneschdegowend zu Walfer de Lëtzebuerger Buchpräis 2008 verginn. An der Kategorie Kanner- a Jugendbuch geet de Präis u "Monsteren am Gaart" vum Jhemp Hoscheit a Vanessa Staudt (Editions Guy Binsfeld).

Kategorie Sachbuch ass fir "Top Secret 2" vun den Auteuren Claude Feyereisen, Luc Marteling, Marc Thill a Marc Wilwert (éditions saint-paul). Präiser ginn et donieft fir de Krimi "Tatort Rollengergronn" vum Monique Felgen an der Kategorie Literatur (éditions saint-paul) a fir "Lëtzebuerg an de 60er Joeren" vum Bibi Krings an der Kategorie "Beaux livres" (Editions Schortgen).

Fir de Grand Seigneur vun der Lëtzebuerger Literatur Highlight vum Owend awer war de Spezialpräis vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren. Dee Präis gouf et dëst Joer fir t'éischt an e war fir ee ganz grousse Lëtzebuerger Auteur: de Roger Manderscheid. Hie gouf geéiert fir seng Verdingschter ëm d'Lëtzebuerger Buch an d'Lëtzebuerger Literatur.

D'Laudatio huet de Georges Hausemer gehal. Duerch den Owend huet d'Christiane Kremer gefouert a fir de musikaleschen Encadrement waren Julien Arpetti & Band zoustänneg.