Buch: Engelzungen Dimitré Dinev

Zenter 2007 ass Bulgarien Member vun der EU. Zenter e puer Joer ass Bulgarien och eng intressant Vakanz-Destinatioun an Alternativ zum Mëttelmiir ginn, matt senge Plagen laanscht d'schwaarzt Miir. An awer weess een iwwer Bulgarien net ganz vill. Ännere kann een dat awer ganz séier mat der Lecture vun engem Roman vum bulgareschen Auteur Dimitré Dinev, deen zenter Joeren an Esterräich liewt a mat „Engelszungen“ direkt iwwerall gutt Kritike kritt huet.

D'Buch louch am Täschebuchformat um Pult vun engem Arbechtskolleg a well ech nie laanscht Bicher kommen ouni op d'mannst eng Kéier de kuerze Résumé dervun ze liesen- hunn ech mer et dann emol am Detail ugekuckt. „Huel et mat a lies et- ech schenken der ët.“ Dat seet ee mir meeschtens net zweemool a bei den „Engelszungen“ sinn ech méi wéi frouh, datt ech mech un d'Liese ginn hunn, och wann ech fir déi 600 Säiten scho meng Zäit gebraucht hunn. An do leit schonn eng Stäerkt vum Roman-d'Buch léisst een net lass, bis een et ausgelies huet a bis een sech am Geescht a Bulgarien erëmfënnt.

Dat wat mech niewt der Geschicht direkt gepaakt huet ass de Schreiwstil vum Auteur. Do ass een, deen esouvill mat de Wierder spille kann- esou vill Wierder fënnt fir ze beschreiwen, esouvill Witz an Humor afléisse léisst- datt et e Genoss ass séng Creatiounen ze entdecken an ze suivéieren. Et ass e liichte, flëssege Stil, deen awer och manner liicht Themen beliewe kann.

Op déi Manéier féiert eis den Dimitré Dinev also a säi Gebuertsland an do begéine mer engem duebelen Familje-Roman- an deem een verschidde Generatiounen an hiert net ganzt einfacht Liewen a Bulgarie iwwer déi lescht Joerzengten kenneléiert.

D'Buch fänkt un um Ufank vum 21te Joerhonnert an der esterräichescher Haaptstaat Wien. Zwee jonk Bulgaren, déi sech net kennen, begéine sech op engem Kirfecht um Graaw vun engem anere Bulgar- dem Miro deen hei begruewe leit an deen e grousse stengenen Engel mat Handy an der Hand um Graw huet. De Svetljo an den Iskren sin am selwechten Alter an an der selwechter Situatioun: enger ganz schlechter. Allen zwee si se souwäit wéi se kënne kommen- Um Enn. Keng Arbecht, keng Wunneng, keng Suen- just nach iergendwou d'Loscht an de Wëllen datt et soll besser goen. Allen zwee hu se nom Fall vun der Berliner Mauer de Wee an de Westen vun Europa gewot a sech do op déi eng oder aner Manéier derduerchgeschloen.

Mee ier een elo als Lieser matterliewt wéi déi zwee sech kenneléieren - hëllt den Auteur ee matt a Bulgarien an d'Staat Plovdiv- wou déi zwéin opgewuess sinn. Hir ganz Familjegeschicht gëtt an den nächste Säiten erzielt- vun der Generatioun vun de Grousselteren un.

Dobäi begéint een intressante Personnagen, witzege Geschichten, Anekdoten an onerwaarten Dréiungen an der Geschicht. De Roman ass spannend an bréngt et fäerdeg ouni Zäsur vun der enger bei déi aner Familjesaga ze wiesselen. Natierlech ginn et Paralellen an zu verschiddene Momenter komme sech déi zwee Personnagen Svetljo an Iskren- besonnech iwwer hir Pappen noh- och wa se sech nie perséinlech a Bulgarie kenneléieren.

Niewt dem geographeschen Aspekt vum Roman ass et natierlech och deen historeschen deen een beréiert. „Engelszungen“ ass e Stéck europäesch Geschicht- just eben déi, déi mir am Westen wéineg fir net ze soen guer net kennen.

Den Dimitré Dinev verschafft vill Autobiographesches a sengem éischte Roman. Hien ass am selwechten Alter wéi seng zwee Personnagen an hie staamt och vu Plovdiv an huet 1990 seng Heemecht verlooss fir op Wien wunnen ze goen, wou Philo studéiert a probéiert mat verschidden Arbechten iwwer d'Ronnen ze kommen. Schreiwe war ëmmer säin Uleies a no éischten Erzielungen, Theaterstécker an Dréinicher koum 2003 säi Roman „Engelszungen“.

„Traumschön geschrieben“ luewt d'Zeit de jonken Auteur- deen iwregens op däitsch schreiwt. E Roman deen derwert ass, datt ee sech mat em befaasst och wann de Schluss op eemol e bëssche séier kënnt. Vläicht war d'Loft eraus an dofir hu sech kleng Onsecherheeten ageschlach. Mee dat ass den eenzege Bee-Mol no 500 Säiten pur Liesfreed!

Engelszungen koum 2006 am Täschebuch bei Btb eraus. Detailer fannt der op rtl.lu.

Christiane Kremer, RTL Buch vun der Woch