Lëtz. Bicherediteuren: „Krasse“ Feeler bei de Bestselleren

D'Lëtzebuerger Bicherediteure ginn e peinleche Feeler zou: Si hunn nämlech deen eigentleche Bestseller vum Mount Juni vergiess - d'Bichelche "Krass!".
Dat meeschtverkaafte Buch zu Lëtzebuerg war am Mee dem Guy Rewenig säi „Krass! Lëtzebuerger Dixionär“, an net dem André Link säi Wierk „Dir grosse Hatz“. Wéi d'Lëtzebuerger Bicherediteuren um Dënschdeg de Moien an engem Communiqué matdeelen, ass de Grond fir dëse Feeler no Récksprooch a Kontroll elo fonnt ginn: Bei der Auswäertung vun den Verkafszuelen ass dem Guy Rewenig säi Buch wéint sengem Titel „Dixionär“ als Noschlowierk agestuuft ginn. Déi Bicher ginn dem Reglement vun de Bestsellerlëschten no, bei de Resultater vun de meeschtverkaafte Bicher net berücksichtegt.
Beim Buch „Krass! Lëtzebuerger Dixionär" handelt et sech awer net ëm een Dictionnaire am klassesche Sënn, mä ëm eng Satire, an deemno ëm ee literarescht Wierk.
De Verband vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren huet elo an deem Sënn déi nei Lëscht publizéiert. Do ass dem Guy Rewenig säi Buch bei den Editiounen Ultimomondo dann op éischter Plaz, dem André Link säin „Die grosse Hatz“ op zweeter Plaz an „Ich bin traurig“ vu Charles a Marie-Claire Pull-Erpelding dat drëtt-meeschtverkaafte Buch am Grand-Duché.