An der Verhandlunge mat de Labelen, a virun der Release vun hirem neien Album (Datum onbekannt), gi SCARRED nach bëssen op "Tour"..

Et sinn allerdéngs just 4 Datumen, déi d'Lëtzebuerger Metaller ugekënnegt hunn. Vun deene 4 Deeg spillen si och een Dag zu Lëtzebuerg, nämlech am Rocas, an zwar den 21. November 2012.

Si sinn iwwregens mat The Juliet Massacre, enger Deathcore Band aus Italien ënnerwee.

Live gëtt et och scho mol dat eent oder anert Lidd vum neien Album ze héieren.

Wat d'Beméiungen ëm ee Label ugeet, do ass d'Band scho bësse weider komm. Ma et gëtt nach näischt wat konkret genuch wier, ze erwähnen.. Deemno ass och nach ëmmer net gewosst, wéini a wou den Album (deen awer fäerdeg produzéiert, gemastert a gemixt ass) dann elo raus kënnt

Alleguerten d'Datume gesitt dir hei ënnendrënner am Flyer:

© Facebook