No 15 Joer an der Hollerecher Strooss plënnert den Atelier an dat aalt Schluechthaus an der Rue de l'Abattoir.

[rating]D'Stad Lëtzebuerg huet scho konkret Pläng, wat mam Skater-Park an dem Service des Sports geschitt, déi den Ament am Schluechthaus sinn.

De Sall fir d’Concerte vum Atelier wäert am Schluechthaus méi grouss an awer och méi variabel ginn.

Dat aalt Schluechthaus zu Hollerech.

Den Atelier feiert iwwregens seng 15 Joer.

15 Joer Atelier...dat muss gefeiert ginn!

Zu där Geleeënheet hu se hirem Public eng Rei Surprisë preparéiert, wéi z.B. en Iwwerraschungsconcert de 17. November. Den Numm vun deenen 2 Bands, déi dann optrieden, ginn eréischt deen Owend selwer bekannt gemaach.

Tickete fir dës Show kritt ee vum Mëttwoch 27. Oktober vun 18.00 Auer un op dem Site vum Atelier.

15 Joer, dat sinn awer och 674 Shows...an ee Buch.

Firwat "No Beer till Placebo"?...Eng weider Anekdot am Buch nozeliesen...

Ee Souvenirsbuch vun 200 Säiten, mat 624 Fotoen, 118 Dedicacë vun den Artisten an Tonnen Anekdoten.

De 6. November kënnt d'Buch "No Beer Till Placebo" eraus, dat vun 12.00 Auer un an der Belle Etoile.

K's Choice mécht de 6. November eng Signéierstonn, direkt nom Gratisconcert.

Um 14.30 Auer gëtt d'Kultband K's Choice dann och e Gratisconcert an ënnerschreiwen duerno d'Buch.

Vum 8. November un kritt Dir d'Buch dann an all de Librairien an op www.atelier.lu fir de Präis vu 35 €.

Mat enger SMS a mat e bëssi Chance kënnt Dir elo hei op RTL.LU 1 Buch an 2 Tickete fir den Iwwerraschungsconcert gewannen. Schéckt einfach eng SMS mam Stéchwuert "atelier" an Ären Numm an Adresse op de 62468 (0,50 € / SMS) a gewannt Äert Exemplar vum Buch an déi 2 Ticketen!