Dat Buch dat mer Iech haut an eiser Lecture vun heiheem virstellen, ass net vun engem, mä vun zwee Auteure geschriwwe ginn. „Y’a des fausses notes dans la cinquième“ ass  e Krimi mam Ënnertitel : « Roman noir désaccordé »,  signéiert: Basso-Lunghi. Dohanner verstoppt sech den Autoren-Duo Serge Basso de March an Enrico Lunghi.

Den Inspekter Wagner konnt ee schonn 2013 an engem éischte Krimi kenneléieren. An „Les dessous de la vierge à l’enfant“, huet sech alles ëm en Tableau gedréint, deen aus dem Nationalmusée geklaut gouf. Wéi eng Geheimnisser déi Jongfra mat Kand ze verstoppen hat, dat huet den Inspekter Wagner deemools zesumme mat sengen zwee Adjointen Nunes a Verdi opgedeckt. 
Fir hir nei Aventure brauchen déi 3 Enquêteuren och en Ouer fir d’Musek, well dat Ganzt fänkt mam Beethoven senger 5ter Symphonie un….

"Y'a des fausses notes dans la cinquième" vum Serge Basso de March an Enrico Lunghi ass bei den Editions Phi erauskomm

RTL

De Serge Basso de March an den Enrico Lunghi / © RTL/Bea Kneip