Von dreibeinigen Hasen an der Sauer, makabren Parkplätzen im Ösling, Victor Hugo in der Post von Altwies, dem Ratefelsen in Luxemburg-Stadt und einem Merscher Adligen in Grönland"...wann een dee Klappentext liest, da gëtt een natierlech fir d'éischt emol virwëtzeg. A wann een dann nach den Titel gesäit: "Mit Jean-Claude auf der Hühnerstange" mam Ënnertitel "kuriose Orte in Luxemburg" da wëll ee wierklech méi wëssen! Dat wollt och d'Bea Kneip, hat huet sech mat der Autorin Susanne Jaspers doriwwer ënnerhalen.

Mit Jean-Claude auf der Hühnerstange

Et ass e Buch voller Iwwerraschungen! Déi éischt ass sécher den Titel...Mit Jean-Claude auf der Hühnerstange... do gëtt een als Lieser schonn e bëssen iergefouert...an dat ass net ganz ongewollt...
A 25 kuerzen Texter gëtt de Virwëtz gestëppelt. Vu Péiteng bis Kautebaach a vun Esch Uelzecht bis op Mierkels, mat engem klengem Ausfluch op Neubrück, just hannert der belscher Grenz. An do hunn d'Susanne Jaspers an hire Begleeder Georges Hausemer an engem fréiere Miwwelhaus eppes ganz Erstaunleches entdeckt: de Salvador Dali Kunstpalast!
Eng kleng Pärel fir all Konschtfrënn, awer opgepasst: Méindes bis Freides ass zou, et soll een sech also onbedéngt op engem Weekend Zäit dofir huelen. Wou een de Salvador Dali Kunstpalast an all déi aner ongewéinlech Découverte fënnt, ass am Buch ganz geneeë erklärt, mat de GPS Daten an och, ganz konventionell, den Adressen vun all deene Plazen. Net iwwerall gëtt et tatsächlech eppes ze gesinn, heiansdo stécht éischter eng spannend Geschicht dohanner...an déi fënnt een och eréischt wann ee laang a grëndlech recherchéiert. Geneeë dat huet d'Susanne Jaspers gemaach

Bei hire Recherchen ass d'Susanne Jaspers och op Theme gestouss déi souguer ënner Historiker fir Diskussioune gesuergt hunn.... mat deelweis ganz erstaunleche Resultater.  
Eng Konklusioun kann een op alle Fall zeréckbehalen: Wien d'Aen opmécht, dee fënnt bal op Schratt an Tratt flottes, interessantes, spannendes an insolites.
An och dëst Buch ass et derwäert fir et z'entdecken. Mat "Luxemburg. Das einzigartigste Grossherzogtum der Welt" hat d'Susanne Jaspers zesumme mat hirem Mann a Co-Auteur Georges Hausemer eist Land schonn aus enger ganz neier a frëscher Perspektiv  gewisen. An "Mit Jean-Claude auf der Hühnerstange" geheit si elo hire ganz perséinleche Bléck op all déi grouss a kleng Iwwerraschungen déi praktesch hannert all Kéier op deejéinege waarden dee bereet ass sech dorop anzeloossen.

"Mit Jean-Claude auf der Hühnerstange" vun der Susanne Jaspers ass bei Capybarabooks erauskomm. D'Autorin wäert iwwregens och e Sonnden de 15te Juli beim Summerdag vun der Literatur am CNL zu Miersch präsent sinn, fir aus hirem Buch ze liesen. De geneeë Programm fannt Dir op www.cnl.etat.lu

© Georges Hausemer