6 Kuerzgeschichten op Däitsch an op Lëtzebuergesch déi am Minette spillen. E villverspriechenden éischten Erzielband vun dem jonken Auteur Yorick Schmit.

Mat engem klenge Smart-Bichelchen hat de Yorick Schmit 2014 fir d'éischt op sech opmierksam gemaach. D'Erzielung "Paenitentia" huet an der Zäit nom zweete Weltkrich gespillt. A sengem éischten Erzielband mam Titel "Der Geruch der Erde nach dem Regen" setzt dee jonke Lëtzebuerger Auteur sech mam Thema vum Verloscht auserneen, en Thema dat d'Mënschen zu allen Zäiten bewegt huet. D'Bea Kneip huet sech mam Yorick Schmit iwwer säi Buch a seng literaresch Aflëss ënnerhalen.

Der Geruch der Erde nach dem Regen

Wéi ech am Summer 2014 d'Smart-Buch mat der Nummer 7, dat mat dem groe Cover, gelies hat, war ech fir d'éischt emol erstaunt, dass esou e jonke Mënsch (de Yorick Schmit war deemols grad emol 28 Joer al) esou intensiv an emotional iwwert d'Nokrichszäit schreiwe kéint. An ech hu gehofft, nach méi vun him ze liesen ze kréien. 4 Joer huet et gedauert, mä elo läit endlech eng Sammlung mat Kuerzgeschichte vir, an ech muss soen, ech gouf net enttäuscht. E puer Wuert zum Auteur: de Yorick Schmit gouf 1986 zu Esch gebuer, huet zu Saarbrécken Germanistik an Amerikanistik studéiert an op der Uni Lëtzebuerg d'Formatioun "Lëtzebuerger Sprooch a Kultur" absolvéiert. Seng éischt Aarbechtsplaz war am Escher Resistenzmusée, haut schafft en an der Nationalbibliothéik.

Déi sechs Erzielungen an dësem Band sinn a ganz ënnerschiddlechen Epoche situéiert, allerdéngs ëmmer an derselwechter Géigend. Dem Minette.An der éischter Geschicht "Eng Stëmm an der Stëllt" erliewe mer de Minette aus der Siicht vun engem eelere Mann, deen no enger atomarer Katastrof refuséiert säin Doheem ze verloossen,
Dem Yorick Schmit seng Personnagen sinn dacks eeler Männer, déi scho vill gesinn an erlieft hunn, vill Néierlagen hu missten astiechen, awer ëmmer nees en Neiufank gewot hunn. Hien zitéiert  "Der alte Mann und das Meer vum Ernest Hemingway als ee vu senge wichtegste literareschen Aflëss.

Déi Aflëss sinn ausgesprachen divers. Sou koum d'Inspiratioun fir d'Geschicht "Summerdeeg" vum Stephen King senger Novell "The Body" déi jo 1986 ënnert dem Titel "Stand by me - das Geheimnis eines Sommers" verfilmt gouf. Nieft deenen zwee weltberümten amerikaneschen Auteuren, huet awer zemol e Lëtzebuerger Schrëftsteller de Yorick Schmit déif beandrockt: De Lex Jacoby. Duerch hien huet de Yorick Schmit ugefaangen sech fir d'Lëtzebuerger Literatur z'interesséieren, zemol seng Naturbeschreiwungen hunn him gefall.
Tatsächlech zitt sech d'Thema Natur och wéi e roude Fuedem duerch dem Yorick Schmit seng Prosa. D'Natur vu senger Heemecht am Minette déi sech an erstaunlech kuerzer Zäit d'Industribroochen nees zeréckgeholl huet, dat laangt awer net onendlecht Liewen vun engem Bam deen am 12te Jorhonnert vun engem vergiesserleche Kaweechelche geplanzt gouf, oder den Här Blum den nom Doud vu senger Fra nëmmen nach fir säi Gaart lieft. D'Iddien op déi dës Geschichte baséieren sinn net ëmmer nei, mä si ginn an engem kloren an onverschnörkelte Stil weiderentwéckelt, den de Lieser emotional staark engagéiert. Fir d'Zukunft huet dee jonken Auteur nach vill wëlles, Roman, Kannerbicher oder och emol Fantasy, näischt ass ausgeschloss, hie géif gäre mat verschiddene Formater a Genren experimentéieren. Et däerf een also gespaant sinn.

"Der Geruch der Erde nach dem Regen" vum Yorick Schmit ass bei den éditions Saint Paul erauskomm

© RTL/Bea Kneip