D'Autorin an Zeechnerin Olga Reiff am Interview

D'Olga Reiff ass zu Innsbruck gebuer, lieft awer scho laang zu Lëtzebuerg. Vu Beruff ass si eigentlech iwwersetzerin, si zeechent awer och gären, an huet scho laang dovu gedreemt, fir selwer e Kannerbuch erauszeginn. Den Dram huet si sech elo erfëllt. "Bim & Anna - Eng kleng Geschicht vum Groussginn"  fënnt een elo an alle Bicherbutteker. D'Bea Kneip huet sech mat hir iwwer hir Aarbecht als Autorin an Zeechnerin ënnerhalen.

Bim an Anna

De Bim ass scho grouss a ka ganz vill Saachen eleng maachen. A wann dann awer een him hëllefe wëll, da gëtt e richteg rosen! Sou rosen, dass e souguer seng bescht Frëndin Anna, mat der hien zesummen an d'Bëschcrèche geet, virun de Kapp stéisst. Eréischt lues a lues gëtt him kloer, dass et awer méi schéin ass, fir eppes mat senge Frënn zesummen z'ënnerhuelen!
Dës Situatioun dierft villen Eltere bekannt virkommen, an och d'Olga Reiff, als Mamm vu 4 Kanner, huet do esou hir Erfahrungen...
.
D'Olga Reiff ass geléiert Iwwersetzerin a schwätzt 7 Sproochen, Si huet awer och schonn ëmmer leidenschaftlech gäre gezeechent, an et war schonn ëmmer hire Wonsch, e Kannerbuch ze schreiwen an ze illustréieren.
An hiren Zeechnungen konzentréiert si sech an éischter Linn op d'Personnagen an hir Emotiounen.
Eng Aarbecht déi Joren an Usproch geholl huet, zemol d'Olga Reiff alles mat der Hand gezeechent huet, an sech Zäit geholl huet fir sech an hir Personnagen eranzeversetzen. An dass se sech Zäit huelen, dat ass och wat si sech vun hire Lieser wënscht, dass déi Grouss d'Buch zesumme mat hire Kanner kucken.
A besser kann ee seng Zäit jo och am Fong net verbréngen!

"Bim & Anna - Eng kleng Geschicht vum Groussginn" ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm. Text a Biller si vun der Olga Reiff.

© RTL/Bea Kneip