
© RTL/ Bea Kneip
„Nur scheinbar kommt der Aphorismus denen entgegen, die keine Zeit haben“ Dëst Zitat vum Lëtzebuerger Aphoristiker Jacques Wirion trëfft och op dat Buch zou, dat mer Iech haut an eiser Lecture vun heiheem virstellen. „Les concombres n’ont jamais lu Nietzsche“ vum Serge Basso de March ass eng Sammlung vun“Aphorismes bancals, proverbes bancroches et petites phrases décalées » D’Bea Kneip huet sech mam Auteur doriwwer ënnerhalen.
AUDIO: 30/09/2017 Lecture vun heiheem "Les concombres n'ont jamais
"Les concombres n'ont jamais lu Nietzsche" vum Serge Basso de March ass bei dem belsche Verlag "Cactus inébranlable éditions" erauskomm.

© RTL/ Bea Kneip
De Serge Basso de March, 1960 als Jong vun italieneschen Elteren zu Verdun gebuer, huet 3 Gedichtbänn publizéiert, ausserdem huet e fir den Theater geschriwwen an en huet zesumme mam Enrico Lunghi 2 Krimie geschriwwen: "Les dessous de la vierge à l'enfant" an "Y'a des fausses notes dans la cinquième". Haaptberufflech ass hien Direkter vun der Escher Kulturfabrik.
De Lefred Thouron ass 1961 zu Nanzeg op d'Welt komm. Nieft verschiddene BD'en huet en haaptsächlech fir d'Press gezeechent: z.B. Charlie Hebdo, l'Equipe oder Le canard enchaîné.