
Ween ass dat komescht Déier, dat enges Daags am Bësch opdaucht? Ass et geféierlech, well et anescht ausgesäit? Mussen d'Déieren am Bësch sech wieren?
"Jidderee vun ons huet en Trick, fir sech ze wieren", seet de schlaue Fuuss. "Mir kënne bäissen a krazen, picken a kämpfen, rennen a fléien. Kee vun ons brauch Angscht virun deem friemen Déier ze hunn." Oder sollen d'Déiren awer vläicht dem Bunzi hëllefen, fir dat ze fannen, wat dee verzweiwelt sicht?
Eng Geschicht iwwer d'Angscht virum Friemen, awer och iwwer Hëllefsbereetschaft a Frëndschaft.
Text: Christiane Ehlinger Biller: Astrid Rothaug
ISBN: 978-2-87978-199-0
Am meeschte gelies