"Thrillerautoren sind Weicheier". Wat de Sebastian Fitzek domat soe wëll, dat gitt Dir an der Reportage gewuer.

Méi wéi 600 Leit haten sech gëschter Owend am Stater Kolléisch afonnt fir de Thrillerauteur Sebastian Fitzek live z'erliewen. A si goufen net enttäuscht! D'Bea Kneip war dobäi a konnt sech mat him ënnerhalen.

Interview Sebastian Fitzek

U sech huet dem Sebastian Fitzek säin Optrëtt éischter u Stand Up Comedy erënnert wéi un eng einfach Autoreliesung. En hat säi Public fest am Grëff a méi wéi eng Kéier gouf am Sall souguer haart gelaacht. Eigentlech paradox wann ee bedenkt, dass et an dem Buch aus dem hie gelies huet ëm e Papp geet den sech fräiwëlleg an der Psychiatrie aspäre léisst, fir dem Mäerder vu sengem Bouf méi no ze kommen, an esou gewuer ze ginn, wou en d'Läich vun dem klenge Max verstoppt huet. Fro un de Sebastian Fitzek: spillt een als Thriller-Auteur mat den Ängscht vu senge Lieser?
Säin éischt Buch "Die Therapie" ass 2007 erauskomm a war den Optakt vun enger erstaunlecher a ganz produktiver Autorecarrière.19 Thrilleren, dernieft nach e puer Sachbicher a souguer... e Kannerbuch.  Seng Bicher goufen a méi wéi 20 Sproochen iwwersat, goufe verfilmt oder fir den Theater adaptéiert. Et gëtt souguer e Kaartespill an e Gesellschaftsspill déi sech allebéid un dem Sebastian Fitzek sengem Wierk inspiréieren. A bei sengem éischte Besuch zu Lëtzebuerg konnt e sécher nach den een oder anere Lieser dobäigewannen.

Hei kënnt Dir den Interview mam Sebastian Fitzek a voller Längt lauschteren:

Den Interview mam Sebastian Fitzek