ORANGI

 

Jidderengem seng Chance

 

D’Orangi ass ee klengt Meedchen, dat vun alle Faarwen, déi orange am léifsten huet. Hatt ass verdreemt, lieft a senger Welt. Kee weess, datt him a sengen Nuets-an Dagesdreem Geschichten afalen. Iwwerdeems vergësst hatt d’Zäit a kritt net mat, wat ronderëm passéiert. Dat bréngt Ierger vun deenen Erwuessenen a Gestëppels vun de Kanner: “Dreemkett” vernennen déi hatt.

 Am Bësch an op der Gewan bei de Blummen, de Beem, de Vullen, de Beien an de Päiperleken fënnt hatt Trouscht. Enges Daags mécht d’Orangi sech aus dem Stëbs, leeft kräiz a queesch duerch Déck an duerch Dënn, bis hatt ënner engem décke Bam entschléift.

 Du begéint hatt verschiddenen Déieren, mat deenen och den Uz an de Geck gedriwwe gëtt, well si anescht ausgesinn, oder sech anescht verhale wéi hiresgläichen:

 -Den Azzuro, ee klenge bloe Vull, mat esou stuppege Flilleken, datt hien net fléie kann. “Krauchvull” jäitzen di aner Vullen him no.

 -De Struwwel, ee struwwelegen Hieschen ass verstouss, wéinst sengem struppegen, zersauselte Pelz. “Knetzel Strupp”, hunn déi aner Huesen hie gedeeft.

 -De Mupp Goldi, gesäit schlecht, hien ass schiel, als “giele Schieleguckuck” bekannt.

 Zesumme begéine si dem Abraxas mam orange Schniewel, deen am léifsten roueg nodenkt. Als “Bibbi Bruck”, huet hien och keng Chance bei deenen anere Kueben. Mee him mécht dat näischt aus. Hien ass zefridden an net aus der Rou ze bréngen.

 Déi fënnef gi bescht Frënn, si spillen an hu Freed zesummen. Iwwerdeems entdecken si hir Talenter, hir Chancen, op déi si baue kënnen.

 Wéi d’Orangi zu gudder Lescht seng Chance kritt, seng Plaz an der Schoul an doheem fënnt, dat gitt dir och an där Geschicht gewuer.

Hannen am Buch:

 -ethesch Froe fir driwwer ze schwätzen, ze schreiwen

-Nouten a Liddertexter

-CD: den Text mat den 3 Lidder

-Komplementar zum Buch : d’Theaterstéck op Ufro.

---------------------------------------------------------------------------------------------------------------------

 

D’Geschicht kann als Mix vu Virliesung a Figuren-Theater vun der Autorin presentéiert ginn.

 Tel 23 620 322/ E-Mail: jobourg@pt.lu

D’Josée Bourg ass ëmmer nees an ënnerschiddleche Sparten ënnerwee. Derzou e puer Stéchwierder : Kannergäertnerei, Kanner- a Figurentheater, Zeechnen, Molerei, Konscht-Installatioun, Performance, Skulptur, Kulturjournalismus (Radio), Hörspill ...

Hatt erfënnt an erzielt och Geschichte fir Grouss a fir Kleng. Vläit hues du hatt scho mol dorëmmer héieren a gesinn : Legendennuecht Esch-Sauer, Marionettefestival, CAPE, Neimënster, KuFa asw ... als Solo oder am Duo mat der Cellistin Lisa Berg (1978-2017).

Niewent sporadeschen Textbeiträg a verschiddene Publikatiounen, ass dat hei säint éischt Kannerbuch.