Als Buch vun der Woch hu mer haut emol nees en historesche Roman fir Iech, et kéint ee souguer bal soen: en historesche Krimi, dee mat engem Mordversuch ufänkt. D'Bea Kneip erzielt Iech méi iwwer dem Michael Römling säin neie Roman mam Titel "Pandolfo".

Pandolfo

Mailand am spéide 15te Jorhonnert. D'Stad gëtt vum Herzog Gian Galeazzo Sforza regéiert- op d'mannst offiziell. Well dee jonken Adlegen méi vum Wäin versteet wéi vu Politik huet hannert de Kulissen säi Monni Ludovico Sforza d'Soen. Den Haaptpersonnage, de Pandolfo, beweegt sech awer a ganz anere Kreeser...

Bernardino Bellapianta rettete mein Leben am Tag des heiligen Servatius im tausendvierhundertdreiundneunzigsten Jahr nach der Geburt unseres Erlösers. Es war ein warmer Abend. Auf der Piazza Verzaro war zwei Tage zuvor Markt gewesen. Aus irgendeinem Grund waren Gemüseabfälle und verfaultes Obst nicht weggeschafft, sondern nachlässig zu einem riesigen Haufen zusammengekehrt worden. In diesem Haufen lag, mit eingeschlagenem Schädel, ich.

De Bernardino Bellapianta ass net iergendeen, mä ee vun de räichste Geschäftsleit vu ganz Mailand. Dobäi ass hien zesumme mat sengem Zwillingsbrudder Giancarlo als Weesekand opgewuess, säi Räichtum huet hien sech selwer erschafft. Hien hëlt dee schwéier Blesséierte mat heem a versuergt seng Wonnen. Et dauert Wochen bis et dem Pandolfo endlech nees besser geet. Allerdengs kann en sech net méi u säi fréiert Liewen erënneren a weess emol net méi wéi en heescht.
Dass de Lieser dat trotzdem gewuer gëtt, ass engem allwëssenden Erzieler ze verdanken, dee sech ëmmer nees zu Wuert mellt, mat Fakten awer och emol méi oder manner ironesche Commentairen. De gréissten Deel vum Roman gëtt awer vum Pandolfo an der Ech-Form erzielt. Dee jonke Mann muss sech elo selwer nei kenneléieren, a mat dat éischt wat en entdeckt, ass dass en en aussergewéinlecht Talent als Zeechner huet. Nodeems en nees op d'Been komm ass, schafft hie fir säi Retter. A well dem Bernardino säi Brudder Giancarlo Bellapianta dee gebuerene Bastler ass, gëtt dat alles mä net langweileg. Sou kritt de Pandolfo Geleeënheet fir am alleréischte Waarmloftballon iwwerhaapt matzefléien oder op engem Schëff séikrank ze ginn, an zwar ouni  dofir e Fouss aus dem fiktiven Palazzo Bellapianta erauszesetzen. A last but not least verléift en sech fir d'zweet an déiselwecht Fra. No an no gëtt him kloer, dass et a senger Vergaangenheet e Geheimnis gëtt - an dass och de Bernardino Bellapianta eng däischter Säit huet.
De Michael Römling gouf 1973 zu Soest an Däitschland gebuer. Hien ass Historiker a fillt sech besonnesch der italienescher Renaissance verbonnen. Do ass et keng Iwwerraschung, dass säi Roman akribesch recherchéiert ass. Anescht wéi vill historesch Romaner ass Pandolfo eng ganz verspillten Erzielung, déi sech selwer net ëmmer ganz eescht hëllt.Dat wierkt meeschtens erfrëschend, och wann et plazeweis en Tick ze déck opgedroen ass. Alles an allem eng flott a spannend Lecture déi aus der Mass vum gängegen Historienroman-Eenheetskascht erausstécht.

"Pandolfo" vum Michael Römling ass bei Rowohlt Hundert Augen erauskomm