Den neie Gedichtband vum Guy Helminger steet op der Shortlëscht fir de Servaispräis 2019

Ugangs Abrëll gouf d'Shortlëscht vum Servais-Präis 2019 bekannt gemaach. 5 Bicher sinn an der Course fir dës Auszechnung, dorënner och den neitste Gedichtband vum Guy Helminger. D'Bea Kneip huet sech mat him iwwer "Die Tagebücher der Tannen" ënnerhalen.

Die Tagebücher der Tannen

Villäicht ass et jo dëst Joer tatsächlech de Guy Helminger den de Servais Präis zougesprach kritt. No der Auszeechnung fir den Erzielband "Rost" am Joer 2002 wier et déi zweete Kéier fir dee gebiertegen Escher. Domat géif en dann och mat sengem Brudder Nico gläichzéien, den de Präis 2014 an 2018 gewonnen huet.
Mat "Die Tagebücher der Tannen" fënnt de Guy Helminger de Wee zeréck bei dee literaresche Genre dee fir hien dee wichtegsten iwwerhaapt ass: D'Poesie

Den Titel weist schonn drop hin: d'Natur, dat Organescht, steet hei am Mëttelpunkt, ass ëmmer präsent, souguer an deene Gedichter déi sech eigentlech op den urbane Raum bezéien. "Zu Mittag glitzern die Messer und Gabel wie Forellen unter der brüchigen Ordnung einer Wasseroberfläche" heescht et hei an "Oh mei Luxembourg" oder am Gedicht "Kölner Sommer": "In der Dämmerung sassen Falter ums Schlüsselloch/ dahinter das helle Wohnzimmer voller Glas". Dem Guy Helminger seng Lyrik ass vun enger aussergewéinlecher visueller Intensitéit, déi sech scho bal upake léisst. "Eine Poesie von verwirrender Haptik" sou heescht et am Klappentext.
Wat d'Form ugeet, huet den Dichter sech wéineg Contrainten operluecht. Duerch déi vill Zeilespréng gëtt ee gezwongen sech ganz op den Text anzeloossen, den doduerch scho bal eng interaktiv Dimensioun kritt. Mä déi Méi, wann et dann eng ass, lount sech op alle Fall, an dat och, oder ganz besonnesch, wann een eigentlech net dacks Gedichter liest. A mat "Die Tagebücher der Tannen" kann ee roueg den Ufank maachen.

"Die Tagebücher der Tannen" vum Guy Helminger ass bei der "Edition Rugerup" erauskomm.

© RTL/Bea Kneip