Déi däitsch Iwwersetzung ass am S. Fischer Verlag erauskomm.

Apokalyptesch Zeenarioe ginn dacks genuch an der Literatur als Thema verschafft. Sief et global wirtschaftlech, ökologesch oder politesch Krisen, déi Gesellschafte virun enorm Erausfuerderunge stellen. "Der Wal und das Ende der Welt" eist Buch vun der Woch, reit sech och an dës Kategorie vu Bicher an, a grenzt sech awer ganz bedeitend vun dësen of.

Enges Daags gëtt e jonke Mann un der Küst vum Cornwall plakeg am Waasser fonnt an vu véier Awunner vum klengen Duerf St Piran un den Strand gezunn. Kuerz Zäit drop, ass et e risege Wal, deen och ongewéinlech no un de Strand kënnt an net méi aus eegener Kraaft zréck an d´Waasser fënnt. Den Onbekannten trommelt sämtlech Bewunner zesumme fir den Wal nees an d´Mier ze kréien. Dat klengt Duerf ass no deenen zwee ongewéinlechen Evenementer net méi dat selwecht.

Mä wou keent dee jonke Mann hier an ass säin „Optauchen“ fir dat klengt Fëscherduerf wierklech positiv? D´Buch heescht net fir näischt „Der Wal und das Ende der Welt“.

De Joe kennt vu London an huet do bei enger Bank als Mathematiker geschafft. Fënnef Joer war hien domat beschäftegt, en Algorithmus ze entwéckelen den der Firma Lane Kaufmann vill Geld sollt abréngen. Et goung drëms sech mat Ofhängegkeeten ze befaassen a virauszegesi wat un der Bourse geschitt, fir doropshin bescht méiglech ze investéieren. Hien ass um Héichpunkt vu senger Carrière, wéi him en Feeler ënnerleeft an hien säin Hutt zéie muss, flücht an op eemol op der klenger Insel lant. Mä domat net genuch. D'Cassie, säi Programm, prognostizéiert schrecklech Entwécklungen, ënner anerem eng Grippenepidemie. De Joe fillt sech schëlleg a versicht zumindest dat klengt Duerf St Piran vrun dem Katastrophenzeenario ze schützen.

Handelt et sech dobäi ëm eng fiktiv Geschicht aus der Fieder vum John Ironmonger? Neen, et erkennt ee ganz däitlech di biblesch Geschicht vum Jona an dem Prophet Jehova erëm. De Jona krut den Optrag dat klengt Duerf Ninive virun enger Katastroph ze beschützen. De Jona weigert sech awer a flücht op engem Schëff, dat a Séinout geréit. Hie weess, hien ass deen Eenzegen, deen elo hëllefe kann, léist sech an d´Waasser werfen an gëtt vun engem risege Fësch verschléckt.

Am Buch „Der Wal und das Ende der Welt“ gëtt awer net nëmmen dem Joe säin zweiwelhaft Verhalen erzielt; ma vill méi geet et drëms ze weisen, wéi wäit d´Mënschheet et mat engem onvirstellbaren absurde Verhale bruecht huet. Dobäi wëll den Auteur awer net kritiséieren, mä zum Nodenken ureegen. Dës Kris soll dann och net am totale Chaos ënnergoen, mä fënnt en duerchaus positive Wee. Dem Lieser gëtt kloer, datt iergendwéi alles um seidene Fuedem hänkt, sief et di ufälleg Wirtschaft oder eis Klimaproblematik. Zugläich weist en awer och mat dësem klengen Duerf, wat geschéie kann, wa jiddereen sech fir d´Gemeinschaft asetzt an altruistesch handelt. An och wann dëst alles iwwerspëtzt kléngt, esou fënnt den John Ironmonger genee dee richtegen Toun an de richtege Mix a sengem Buch. Säi Schreifstil, seng authentesch Personnagen a seng Aart di verschidden Themen zesummenzebréngen, hu mir gutt gefall. Zudeem spigelt et de Profil vum Auteur, dee sech als Zoologe an IT-Spezialist ganz offensichtlech fir di gesellschaftlech Problematiken interesséiert, gutt erëm a mat sengem véierte Roman dierft hien duerchaus Succès hunn.

Ech wousst scho beim Liese vum Titel, datt en ongewéinlecht Buch op mech waarde géif; mä dat do hunn ech mir net erwaart. Vun mir dofir eng ganz kloer Liesrecommandatioun.