Op däitsch ass dat 600-Säite-Wierk am Verlag btb erauskomm.

600 000 Euro, dat ass déi onwahrscheinlech héich Zomm, mat där de Premio Planeta, dee gréisste spuenesche Literaturpräis dotéiert ass. 2016 huet d’Dolores Redondo dëse Präis fir d’Originalversioun vun hirem Roman « Alles, was ich dir geben will » kritt, an domat bewisen, dass si zu deene wichtegsten aktuelle Schrëftstellerinnen a Spuenien gehéiert.

De Manuel Ortigosa lieft als erfollegräiche Schrëftsteller zu Madrid. Hie schafft grad un deene leschte Kapitele vu sengem Roman « Die Sonne von Theben », wéi seng Welt vun engem Moment op deen aneren zesummebrécht. Op eemol schellt et a vrun der Dier stinn zwee Polizisten, déi him matdeelen, datt säi Mann Alvaro net, wéi de Manuel gemengt huet, bei engem Client vun deem senger Publicitéisagence zu Barcelona ass, mä dass hien op enger Strooss vun der spuenescher Provënz Galizien, no bei der klenger Stad Lugo, bei engem Autosakzident ëmkomm ass.

Hie fiert direkt dohin a wéi en do ukënnt, gëtt de Manuel Saachen iwwert den Alvaro gewuer, déi säi Liewe komplett op d’Kopp stellen. A Wierklechkeet wor säi Mann de Grof Alvaro Muniz de Davila, Kapp vun enger aler galizescher Adelsfamill, an him hunn allerhand Lännereien, Wéngerten a Wäigidder gehéiert. Ausserdeem huet hien an deene leschte Joren e richtegt Firmenimperium opgebaut fir dee selwer produzéierte Wäin och am Ausland ze verkafen. Dat alles hannert dem Manuel sengem Réck, deen net verstoe kann, wéi dee Mann, deen hie gär hat, esou en Duebelliewe konnt féieren. A schliisslech gëtt hien och nach gewuer, dass den Alvaro hien als säin eenzegen Ierwen agesat huet an dass d’Famill, dorënner dem Alvaro säi jéngere Brudder a seng Mamm, déi al Gräfin, eidel ausgeet.

An enger éischter Roserei décidéiert de Manuel, d’Ierfschaft net unzehuelen, mä du mellt sech op eemol de Kommissär Nogueira bei him a stellt seng Welt komplett op d’Kopp. Dee mengt nämlech ze wëssen, dass dem Alvaro säin Doud keen Akzident, mä e Mord wor an dass och deem säi jéngste Brudder Fran viru Joren net un enger Overdose gestuerwen, mä och engem Verbriechen zum Affer gefall ass. Zesumme mam Paschtouer Lucas, engem Jugendfrënd vum Alvaro, maache si sech op d’Sich no der Wourecht…

Wéi scho gesot spillt « Alles, was ich dir geben will » a Galizien, mä wéi schonn an hire virechte Bicher, déi d’Baskeland als Kuliss haten, bréngt d’Dolores Redondo dem Lieser dës schéi Géigend vu Spuenien duerch hir gefillvoll Landschaftsbeschreiwung méi no. Mä och hiert Gefill fir e strenge kriminalisteschen Opbau an déi sozial, politesch a kulturell Hannergrënn vun enger Regioun kommen hei voll zum Droen. An esou entsteet e Gesamtbild, wou den nach ëmmer staarken Afloss vun der kathoulescher Kierch, déi al a skleroséiert Sitten a Gebräicher vum spueneschen Héichadel an d’Iwwerreschter vun der verhaasster Franco-Diktatur dee vergëften Hannergrond bilden, virun deem fuerchtbar Verbrieche kënne geschéien !