"La Passe-Miroir" 1. Deel koum am Original bei bei Gallimard eraus, déi däitsch Iwwersetzung am "Insel-Verlag".

An der internationaler Press gouf d’Buch „Die Verlobten des Winters“ vun der franséischer Schrëftstellerin Christelle Dabos mat den Bicher ronderëm den Harry Potter verglach. Mä ka si mat hirem éischte Fantasy-Roman, deen 2013 publizéiert gouf, deenen Erwaardunge gerecht ginn?

D’Buch erzielt d’Geschicht vun enger fiktiver Welt, déi an iwwer 20 verschidden Deeler, sougenannten Archen, zerbrach ass. Zwou dovunner sinn: d’Anima an déi eelsten Arch, de Pol. Haaptfigur ass d’Orphelia, eng kleng onscheinbar Fra, di sech am allerléifsten hannert hirem Brëll, deen, jee no Laun, seng Faarf changéiert, an hannert engem liewege Schal verstoppt. Hatt ass verdreemt, schafft an engem Musée, féiert en éischter rouegt an onscheinbart Liewen an ass domat, wei et schéngt, awer ganz frou. Nieft sengem éischter langweilege Liewen, huet hatt awer aussergewéinlech Fäegkeeten. Hatt ass eng sougenannte Lieserin, wat bedeit, datt Géigestänn him hir Geschicht verroden, sou bal hat se upaakt an doriwwer eraus méi iwwert hire Besëtzer gewuer gëtt. Ausserdeem kann hatt vun enger Plaz op di nächst reesen, andeems et duerch Spigele geet. Säi Liewen ännert sech schlagaarteg wéi d’Doyenen vum Clan zu dem et gehéiert, beschléissen, datt hatt den Thorn vum Pol bestuede soll. Deen ass dovun och net begeeschtert, spillt awer mat, op seng Aart a Weis. Scho esou oft konnt d'Orphelia verhënneren, datt et verlobt gëtt, ma dës Kéier net. Méi séier ewéi et mengt, lant hatt zesumme mat senger Tatta Roseline an dëser ganz anerer Welt, déi a villerlee Hisiicht kal ass an net vill Liewesfreed verbreet. Hatt gëtt ënnerdréckt, duerf keng eegen Entscheedungen treffen an gëtt ganz ouni Respekt behandelt. Et brauch vill Säite vum Buch, bis hatt awer ufänkt sech ze widdersetzen.
D’Orphelia als Charakter ka sécherlech Sympathië fir sech a seng Aart gewannen, och wann een déi eng oder aner Kéier de Kapp rësele muss. Mä hatt bleift sech trei, huet eng ganz eege Perséinlechkeet an entwéckelt sech am Laf vum Buch weider. Den Thorn ass e richtegen Eekel an awer schéngt d’Orphelia em net komplett egal ze sinn. Di aner Charaktere gi fir mech deelweis net genuch beschriwwen a beräicheren d’Buch net wierklech.
Ugekënnegt gouf d’Buch mam Verglach zum Harry Potter. Dat erwächt natierlech immens héich Erwaardungen. An am grousse Ganze war d’Buch och flott, et ginn awer e puer Kritikpunkten. Um Ufank war et zimlech schwéierfälleg sech an d’Geschicht eranzedenken. De Schreifstil ass angenehm ze liesen an mécht Freed, an di al Wierder di deelweis virkommen hu mir gutt gefall. Wéi awer scho gesot, feele mir déi néideg Beschreiwungen, fir datt eng richteg Fantasiewelt a mengem Kapp entstoe konnt. Vum Harry Potter, fir deen ech mech och eréischt als Erwuessene begeeschtere konnt, an dunn awer absolut faszinéiert war, ass dës Geschicht awer nach wäit ewech.
Natierlech weess een, datt bei enger Geschicht an e puer Bänn et um Ufank ëmmer e bëssi méi lues an d’Geschicht erageet. An awer dauert et zimlech laang, bis am Buch eppes geschitt. Ech wëll der Saga nach d’Chance gi mech an hire Bann ze zéien an wäert dat zweet Buch, wat schonn am Summer erauskënnt „Die Verschwundenen des Mondscheinpalasts“, och liesen. Villäicht ginn ech jo awer nach e Fantasy Fan.