« Westwall » ass als Täschebuch am däitsche Penguin Verlag erauskomm

De Benedikt Gollhardt huet sech an Däitschland als Dréibuchauteur en Numm gemaach. Mat esou bekannteSerien wéi « Türkisch für Anfänger » oder « Danni Lowinski » huet hie bewisen, dass hie komplex Zesummenhäng op e gemeisamen Nenner ka bréngen aspannend Geschichte kann erzielen. Mat sengem éischte Thriller « Westwall » probéiert hien och elo als Buchauteur Fouss ze faassen.
Tëscht 1938 an 1940 huet den Hitler de Westwall, och Siegfriedlinie genannt, baue gelooss. Dat wor eng 630 Kilometer laang militäresch Verdeedegungslinn aus méi wéi 18 000 Bunkeren, Stollen, Griew a Panzerspäre vun der hollännescher Grenz duerch d’Äifel, laanscht Lëtzebuerg a bis un d’Schwäizer Grenz. Méi wéi eng hallef Millioun Aarbechter hunn un dësem kolossale Wierk gebaut. Als Zeechen, dass si dodru bedeelegt woren, hunn der vill vun hinnen sech e Westwallréng maache gelooss, mat als Erkennungszeechen eng spatz Spiral.

Dëse Réng dréit och den Nick, e jonke Mann, deen d’Julia Gerloff, eng Polizeistudentin, am Zuch kenneléiert. Nodeems si zesummen am Bett woren, entdeckt d’Julia, dass den Nick e risegt Hakekräiztattoo um Réck huet an a Wierklechkeet guer net Nick, mä Chris heescht. Hatt verléisst hien, mä d’Léift ass méi staark a bei hirer zweeter Rencontre schwiert denNick/Chris him, hien hätt senger Neonazi-Vergaangenheet Äddi gesot a lued et bei sech doheem an. Mä do entginn si ganz knapps enger Attack mat enger Handgranat an op eemol ass dee jonke Mann verschwonn.

Lues a lues schielt sech eraus, dass hien an e gewësse Keppler, deen en déckt Déier ass beim bundesdäitsche Verfassungsschutz, d’Julia fir hir Pläng wëlle benotzen. Iwwer hatt wëllen si un d’Ina Terzel erukommen, eng Fra déi an engem Bësch beim Westwall, an engem ale Fierschterhaus, eng Grupp Jugendlecher vun der Strooss opgesammelt huet. Déi wëll si hei zu rietsextremen Terroristen ausbilden, déi iwwerall an Däitschland solle fir Attentater suergen. Wéi dem Julia säi Papp, en Ex-Punk an Antifaschist, vun engem vum Ina senge Jongen ëmbruecht gëtt, schalt den Haaptkommissar Roosen, dem Meedchen säi Polizeiausbilder, sech an. Mä och dee spillt eng dubios Roll, genee wéi déi meescht Protagonisten an deem Roman, sou dass alles um Enn op en dramateschen Héichpunkt histeiert, an deem d’Julia hiert Liewe riskéiert…

Am Benedikt Gollhardt sengem Debütkrimi ass de Westwall net nëmmen eng militäresch Ofwiermauer géint vermeintlech Feinden, mä et ass virun allem eng Mauer tëscht der Wourecht an der Ligen, tëscht deem Gudden an deem Béisen. Permanent wiesselen d’Erzielperspektiven an de Lieser weess ni genee d’Intentioune vun deene verschiddene Personnagenanzeschätzen, ob si et elo éierlech mengen oder net. Genee wéi am richtege Liewen ass dacks net z’ënnerscheeden tëscht schwaarz a wäiss, mä d’Grenze léisen sech op an d’Grotéin dominéieren. Beim Gollhardt dominéiert allerdéngs d’Spannung an d’Freed um Liesen an dat ass fir en éischte Roman schonn allerhand !