Net just de Claude François huet mol vum Alexandra gesongen, och déi englesch Schrëftstellerin Natasha Bell huet hir Haaptfigur an hirem neie Buch sou genannt. Anescht wéi vermutt ass dëst e Thriller, dee sech nawell séier liest. Ob dat elo e gutt Zeechen ass, erzielt eis d'Marie Gales

Audio Buch vun der Woch: Alexandra

Bannent e puer Deeg hat ech ''Alexandra" duerch, well et wierklech spannend war. Mir hunn et hei mat enger jonker Fra, eng Kënschtlerin ze dinn, déi de Marc bestuet huet, a si 2 sinn eng richteg Dramkoppel. De Marc ass e feine Mann an och d'Alexandra schéngt eng interessant Fra ze sinn. Du bemol verschwënnt d'Mamm vun 2 Kanner a fonnt gëtt just hiert Gezei mat Blutt an der Géigend vun engem Floss. Ech verroden elo näischt wat d'Spannung géif futti maachen, mä d'Alexandra ass net dout, mä lieft, well si erzielt d'Geschicht. Sou ass dëst Buch och opgebaut a mécht et spannend. Géint hire Wëllen géif si iergendwou festgehale ginn. Hire Mann ass um Enn a verzweiwelt och un der Hëllef vun der Police, sou dass hie sech selwer op d'Sich no senger Fra mécht.

Wat awer méi Zäit vergeet an am Passé vum Alexandra gewullt gëtt, wat hie sech muss agestoe seng Fra net ganz kannt ze hunn. Reese vun deenen hie zwar Bescheed wousst, kommen him ëmmer méi spuenesch vir

Vill Froe ginn an dësem Buch opgeworf, déi Offensichtlechst ob een e Mënsch iwwerhaapt ganz ka kennen. Dat gëllt fir de spannende Personnage wéi d'Alexandra bei där ee ganz vill Facette vermutt an och fir hire Mann, vun deem ee mengt alles ze wëssen a wéi dee reagéiere wäert. Déi aner Froen soen ech Iech léiwer net, soss kéint Dir schonns ze vill schlussfolgeren an dat wëlle mir jo net. Mä alles füügt sech um Schluss wéi e Puzzle zesummen an et gëtt och nach alles genee erkläert.

''Alexandra'' ass flott geschriwwen a liest sech och dowéinst ganz gutt. Et ass der Natasha Bell hiren éischte Roman, deen dat lescht Joer op englesch mam Titel ''Exhibit Alexandra'' erauskomm. Nodeems si englesch Literatur, Theater a Mënscherecht studéiert huet, ass si 2015 op London geplënnert an huet do hire Master a Kreativem Schreiwen op der Goldsmith University London gemaach. Haut gëtt si Course fir Kreatiivt Schreiwen a feilt selwer weider un hirer Karriär als Schrëftstellerin

''Exhibit Alexandra'' koum op däitsch mam Titel ''Alexandra'' bei Diana-Verlag eraus