“Buck tu gou” oder: eng Taass Literatur fir matzehuelen!

Um Dag vum Buch an den Droit-d’auteuren, den 23. Abrëll gouf um Josy-Braun-Owend zu Beetebuerg op der LiteraTour eng nach net verëffentlecht Kuerzgeschicht vum Josy Braun virgestallt: “Zwéi Meter virun der, Martin!”

Si mécht den Optakt vun der neier Kremart-Serie “Buck tu gou”, déi ganz kleng Kuerzgeschichten (op Lëtzebuergesch) presentéiert, déi ee gemittlech bei enger Taass Kaffi oder engem Schocki genéisse kann.

Format: 12,5 x 9 cm, Präis: 1 Euro, Liesdauer-Info inklusiv.

“Hot Coffee” bezeechent d’Bicher fir déi Grouss an “Hot Chocolate” déi fir déi Kleng. Nieft dem Josy Braun senger erschénge fir de Start vun der neier Serie och nach Geschichte vum Christiane Kremer a Luc Marteling.

Josy Braun: Zwéi Meter virun der, Martin!
Buck tu gou – Hot Coffee by Kremart Edition
ISBN 978-2-919781-51-5, 12 Säiten, 1 Euro

Christiane Kremer: An engem Zuch
Buck tu gou – Hot Coffee by Kremart Edition
ISBN 978-2-919781-52-2, 16 Säiten, 1 Euro

Luc Marteling: Féiwer
Buck tu gou – Hot Chocolate by Kremart Edition
ISBN 978-2-919781-53-9, 8 Säiten, 1 Euro