De Gewënner vum éisterräichesche Buchpräis 2018 war viru kuerzem zu Lëtzebuerg op Besuch.

Fir "Königin der Berge" krut den Daniel Wisser 2018 den éisterräichesche Buchpräis. Haaptfigur vum Roman ass de Robert Turin, dee scho mat Mëtt 30 d'Diagnose MS - Multiple Sklerose krut an den elo mat 45 Joer an engem Fleegeheem lieft. "Königin der Berge" dat ass den Numm mat deem e seng Krankheet personifizéiert. D'Bea Kneip huet sech mam Daniel Wisser iwwer säin aussergewéinleche Roman ënnerhalen.

Königin der Berge

Königin der Berge ass tatsächlech en aussergewéinlecht Buch. Wann den Doud nieft der Léift eent vun de groussen Themen an der Literatur ass, da gëtt d'Krankheet dach éischter seelen thematiséiert. D'Inspiratioun fir säi Roman krut den Daniel Wisser wéi hien an der Cafeteria vun engem Fleegeheem geschafft huet.

Dem Robert Turin säin Alldag gëtt vun den Ofleef am Fleegeheem bestëmmt. Zënter de Matbegrënner vun enger Informatikfirma mat 36 Joer do erageplënnert ass, huet sech säi Gesondheetszoustand staark verschlechtert an hien ass op de Rollstull ugewisen. Den Här Turin ass keen einfache Patient. Amplaz sech einfach gewäerden ze loossen, probéiert en am Fong just fir sech e leschte Rescht un Autonomie z'erhalen. Sou sëtzt en net gären dobaussen am Park, mä vill léiwer an der Cafeteria bei engem oder méi Glieser Wäin. Dat bréngt em vill Kritk an, net nëmme vun de Krankeschwësteren, mä och vu senger Fra Irene, déi e regelméisseg, an et kritt een den Androck, gréisstendeels aus Flichtgefill, besiche kënnt. Säi gréisste Wonsch awer wier eng Rees an d'Schwäiz. Well anescht wéi an Éisterräich ass hei d'Freitodbegleitung erlaabt.

Och wann den Titel vum Buch sech op d'Krankheet bezitt, "Die Königin der Berge" spillt éischter eng Nieweroll. D'Haaptroll ass ganz kloer fir den Här Turin, mat all sengen Naupen, sénger Virléift fir schéi Fraen a gudde Wäin, sengen Interaktiounen mat reellen an imaginaire Personnagen. Mat den Infirmièren, déi fir hien de gréissten Deel vu sengem sozialen Ëmfeld ausmaachen, oder mat sengem Kueder Dukakis, den eigentlech scho laang doud ass, sech awer ëmmer nees zu Wuert mellt wann et eppes ze kommentéiere gëtt. Ongewéinlech ass och d'Form vum Roman déi sech dacks um Theater inspiréiert, awer och mat opteschen Effekter schaft, wéi duerchgestrachenen oder geschwäerzten Textpassagen. Nach méi ongewéinlech ass awer dass et duerchaus eppes ze laache gëtt. Well nieft dem Wäin léisst sech de Robert Turin och säin Humor net ewechhuelen. An och net säin Dram. Den Dram, selwer ze decidéieren, wéini hie goe wëll.

"Königin der Berge" vum Daniel Wisser ass am Verlag Jung und Jung erauskomm

© RTL/Bea Kneip