D'Zwillingsschwësteren Zara a Zoë kënnen sech net ausstoen. Mä da geschitt e brutale Mord, an déi zwee mussen zesummeschaffen fir en opzeklären.

Zwillingen gläiche sech jo normalerweis, sief et am Ausgesinn oder am Behuelen. Awer bei den Zwillingen Zara a Zoë kéinten d’Ennerschidder net méi grouss sinn. Si sinn wéi Yin an Yang. A si hëllefen allebéid e grausame Mord am Süde vu Frankreich, zu Marseille, opzeléisen. D’Bea Kneip huet d’Buch vum Alexander Oetker gelies.

Zara und Zoë

Als éischt léiert de Lieser d’Zara von Hadenberg kennen. Vu Beruff ass hat Profilerin bei Europol an doran ass hat richteg gutt.Mee seng positiv Eegeschaften sinn och säi Problem; hat bréngt et absolut net fäerdeg géint iergendeng Regel, géint iergendee Gesetz ze verstoussen. D’Zara a säi Partner vun Europol, den Isaakson, sinn op Marseille geruff ginn, fir e bestialesche Mord un engem Meedchen opzeléisen.
A genee dobäi brauch d’Zara d’Hëllef vu sénger Zwillingsschwëster Zoë. Als Member vun der korsescher Mafia steet d'Zoë op der anerer Säit vum Gesetz. A genee dowéinst brauch d’Zara seng Zwillingsschwëster fir de Mord un dem 14 Joer ale Meedchen Aïcha, opzeklären. D’Zara spiert, datt hannert deem Mord nach vill méi stécht, wéi een op den éischte Bléck mengt. Et gëtt just ee grousse Problem. D’Zwillingsschwësteren hate scho laang kee Kontakt méi an d’Zoë kann d’Zara guer net ausstoen, hat huet souguer e richtegen Haass op hat. Hiert éischten Treffen fält dann och deementspriechend rau aus:

Sollte es das gewesen sein? Hier drauβen, das Land war weit weg, im Augenwinkel hatte sie sehen können, dass selbst der Wellenbrecher weit entfernt war. Es gab stake Strömungen, sie trieben schnell ab.
Zoë war überall, so schien es. Sie spürte sie an ihrem Hals, an ihrem Körper, an ihren Haaren.  
Zara schloss die Augen, verbrauchte die Luft, die in ihrem Mund war.  
Sie konnte nicht mehr. Ihre Kraft war aufgebraucht. Sie lieβ sich herabsinken, bis das Dunkel des Meeres sie umfing und sie in die Schwärze abglitt.

Aus iergendengem Grond hält d’Zoë awer op mat kämpfen. D’Zwillingen fannen e Kompromëss a vun deem Ament un iwwerhëlt d’Zoë dem Zara seng Roll zu Marseille ouni iergendengem eppes dovunner ze verroden. An et fält och kengem op. Als Profilerin vun Europol versicht d’Zoë dann, de Fall op seng Manéier ze léisen.
Dëst féiert d’Zoë an der Roll vum Zara mat séngem Partner Isaakson a Quartiere vu Marseille, déi bekannt sinn dofir, datt radikaliséiert Islamisten do wunnen. Esouguer d’Police traut sech net méi dohinner.
Mat dësem Buch gëtt déi aktuell Situatioun a Frankräich thematiséiert. Den Alexander Oetker kennt sech aus: Den Auteur den 1982 zu Berlin gebuer gouf, ass politesche Journalist an huet och e puer Joer a Frankräich gelieft a geschafft.  D'Handlung vu sengem Thriller ass natierlech fiktiv, baséiert awer op engem groussen Hannergrondwëssen.
D'Geschicht gëtt ofwiesselnd aus der Perspektiv vun all Kéiers enger anerer Persoun erzielt, an den Auteur passt den Toun dann och un de jeeweilegen Erzieler un. Dertëschent sinn och Zeitungsartikelen respektiv Smsen oder Telefonsgespréicher mat agebonnen.
Alles an allem ass dem Alexander Oetker mat  “Rache in Marseille” e spannende Thriller gelongen. An et kéint souguer sinn, dass d'Serie ronderëm déi zwou ongläich Schwësteren weidergefouert gëtt. Deemno, Affaire à suivre!
“Zara und Zoë - Rache in Marseille” vum Alexander Oetker ass am Droemer Verlag erauskomm.