Literatur mat der Stoppauer: dës 100 Gedichter a Kuerzgeschichten goufen all an Zäit vun 10 Minutte geschriwwen.

Wéi laang sinn 10 Minutten? Laang genuch, fir e Gedicht oder eng Kuerzgeschicht ze schreiwen! Den Englänner Matt Gambrill, den zënter 8 Joer zu Lëtzebuerg lieft a Schoul hält, huet net manner wéi honnertmol géint d'Auer geschriwwen, an d'Resultat elo a Buchform erausbruecht. D'Bea Kneip huet sech mat him ënnerhalen.

100 days of 10 minute solitude

"100 days of (10 minute) solitude, adventures in microfiction" dat ass den Titel vun dem Buch an dem de Matt Gambrill seng 10-Minutte-Wierker gesammelt an erausbruecht huet an natierlech eng kleng Hommage u säi Lieblingsschrëftsteller Gabriel Garcia Marquez.  D'Konzept ass grad esou einfach wéi ongewéinlech: op hirem Blog "herwritinghaven.com" gëtt d'Amerikanerin Michelle Cook all Dag e "Prompt" eraus.Dat kann e Wuert sinn, eng Textzeil, oder en Ausdrock, un dem sech hir Follower dann inspiréieren fir an Zäit vu 10 Minutten e kuerzen Text ze verfaassen. Wat se mat dësem klengen Denkustouss maachen, ass hinnen iwwerlooss. Zesumme mat engem Kolleg hat de Matt Gambrill déi Erausfuerderung also ugeholl. Dat war natierlech zemol um Ufank net ganz einfach:

Bei deenen éischten 3 oder 4 Texter hat ech keng Ahnung wéi laang 10 Minutte sinn, als Zäitvirgab fir en Text ze schreiwen. Mä et kann een nawell vill an 10 Minutte hikréien. Ech hu mer op mengem Telefon d'Stoppauer agestallt, an ugangs hunn ech ëmmer nees op d'Zäit gekuckt...nach 4 Minutten, ech weess wéi de Schluss ass, mä wéi kommen ech nëmme bis dohinner? Mä wéi ech dat da bis e puermol gemaach hat, ass et bal en Automatismus ginn. Ech weess elo ganz genee wéi laang 10  Minutte sinn!

"Magically Musical" , "The haunting of Harold Hemmings" oder"Peach coffee and hazelnut tea" dat si just e puer Beispiller vun deene "Prompts" déi de Matt Gambrill als Ausgangspunkt fir seng Texter krut. Woubäi en sech besonnesch e Spass draus gemaach huet, fir déi op seng eege Manéier z'interpretéieren:

Heiansdo gesinn ech esou e Prompt a mäin éischte Gedanken ass: wéi kann ech dee verdréinen? Wat kann ech maachen, fir dass d'Resultat absolut guer näischt méi mat dem ze dinn huet, wat wahrscheinlech d'Absicht hannert dem ganze war? Et mécht immens vill Spaass fir mat de Wierder, mat der Sprooch ze spillen an eppes ganz Neies doraus ze maachen.

"The recording was all the proof they needed" Dëse klenge Saz huet de Matt Gambrill zum Beispill zu engem Mini-Krimi inspiréiert, den awer ganz anescht ausgeet wéi een sech dat erwaarde kéint. An dat ass och déi eenzeg Kéier wou hien sech eng Verlängerung erlaabt huet:

Ech konnt einfach net ophalen. Ech dat dës verréckt Iddi fir e Krimi à la Hercule Poirot. Ech wosst vun Ufank un genee wéi et géif ausgoen, ech hat dee leschte Saz schonn am Kapp. Mä dunn hunn ech gemierkt, dass ech dat wierklech net an 10 Minutte géif paken, ech hunn do also e bësse gefuddelt.

Dass dat wierklech eng Ausnam ass, dat kënnen och seng Schüler bezeien, well als Engleschprof mécht en deen Exercice och emol gäre mat hinnen an der Klass.
Ech schreiwe gären, an als Engleschprof probéieren ech och meng Schüler un d'Schreiwen ze kréien. Ech hunn hinnen e puer Geschichten aus dem Buch virgelies. Et ass e groussaartegen Exercice bei dem si hirer Kreativitéit fräie Laf kënne loossen, et ass awer och gutt fir Schüler déi iergend eng Kéier an engem Examen ënner Zäitdrock musse schreiwen. Et ass eng aner Manéier fir d'Zäit wouerzehuelen an ze gesinn wat een alles erreeche kann wann ee senger Fantasie keng Grenze setzt. Et notzt ee seng Fantasie fir eppes eegenes ze schafen. Et ass immens interessant fir dësen Exercice mat de Schüler ze maachen. Déi eng schreiwen einfach drop lass, déi aner sëtzen 10 Minutten iwwert deenen éischte Wierder, dem éischte Saz.

Mä Haaptsaach: et schreift een! Well de Mr Gambrill ass sech sécher: all Mënsch kann dat maachen! An et ass souguer méiglech richteg gutt Texter op de Pabeier ze bréngen. "100 days of (10 minute) solitude" ass eppes wéi eng grouss Virwëtztut, e Buch dat een op iergendenger Säit kann opschloen a sech iwwerrasche loossen. Traureg, nodenklech, skurril oder witzeg, vu Yorkshire Pudding bis bei den Däiwel den am Komma sëtzt, vu blue jean babies bis bei d'Familjeliewen vun den Zombien, der Fantasie si wierklech keng Grenze gesat! Dass et Spaass gemaach huet dëst Buch ze schreiwen, gleewen ech gären, et mécht op d'mannst grad esou vill Spass fir et ze liesen!

"100 days of (10 minute) solitude" vum Matt Gambrill ass am Selbstverlag erauskomm. A wien nach gären e puer aner Beispiller vun 10-Minutte-Literatur noliest, kann déi um Blog www.promptedforten.wordpress.com fannen. De Blog vun der Michelle Cook fënnt een op www.herwritinghaven.com

© RTL/Bea Kneip