Wann een op der Sich no Summerlektür ass, huet se elo fonnt. ''Im Freibad'' eegent sech ideal fir mat an d'Vakanz an et ass e Buch, dat an der Kategorie ''Wuelfillen'' ze sichen ass. D'Marie Gales huet d'Buch gelies a war duerno gutt gelaunt.

Audio Buch vun der Woch: Im Freibad

Am Buch stousse mir op 2 Dammen, déi net méi verschidde kéinte sinn. Do hu mir d'Rosemary mat 86 Joer, déi all moies hir Ronnen an der Schwämm dréint an d'Kate, déi aus Schimmt virun hirem eegene Kierper am léifste géif am Gezei duschen a mat Schwämm guer näischt um Hutt huet. Déi oppe Schwämm, déi d'Rosemary zanter hirem ganze Liewe begleet, soll ofgerappt ginn an dëse Plang bréngt déi 2 Fraen zesummen; d'Kate ass Journalistin a soll doriwwer schreiwen. Si frënnt sech mat der aler Damm un an ass duerno selwer méi wéi concernéiert iwwert d'Fermeture vun der Schwämm zu Brixton.

Der Autorin Libby Page geléngt et ze beschreiwen, dass Schwamme vill méi wéi just eng sportlech Aktivitéit ass. Seng Gedanke ënner Waasser sammelen, an d'Rei bréngen an duerno méi kloer aus der Schwemm klammen, ass ee vun de Messagen. Um Cover vum Buch steet jo och: ''Wer sein Leben ändern will, muss auch mal außerhalb der Bahnen schwimmen.''

Dës Schwämm ass dann och net just eng Plaz fir sech am Summer ofzekillen, mä si bedeit ville Mënschen zu Brixton méi, ebe wéi dat fir Rosemary de Fall ass, déi praktesch hiert ganzt Liewe mat dëser Schwämm verbonne war. Natierlech behandelt dëst Buch vill méi Themen, wéi elo just Schwammen oder an der Schwämm sinn, ma et geet ëm Frëndschaft, Verännerung an Hektik an eiser haiteger Welt a Valeure vu méi ale Generatiounen, déi leider ëmmer manner gelauschtert ginn an iergendeng Kéier dofir da verschwonne sinn, wa mir net uecht dinn. Déi flottste Passage am Buch sinn och déi vum Rosemary wa si aus vergaangenen Zäiten erzielt.

Der Schrëftstellerin Libby Page ass mat ''The Lido'' wéi de Roman op englesch heescht, e léift an erfrëschend Buch gelongen. Si huet Journalismus studéiert an huet fir de Guardian an eng karitativ Organisatioun geschafft. Nieft dem Schreiwen ass d'Schwammen hir grouss Passioun an konnt mat dësem Roman hir 2 Liiblingsaktivitéiten an Aklang bréngen. Wa si vum Schwamme schreift, kritt een direkt Loscht fir an de Maillot ze sprangen an an dann an d'Schwämm. Op hirer Internetsäit beschreift si sech selwer als Auteur, Schwëmmer an Optimist. Mäi Fazit: e léift Buch, einfach geschriwwen fir séier ze liesen an dann duerno an e klengen Tour ze schwammen.

''Im Freibad'' vun der Libby Page ass bei Ullstein Buchverlage erauskomm.