Nodeems déi Lëtzebuerger Literaturkritiker Isabelle Spigarelli a Jérôme Jaminet virun e puer Méint mam Philippe Tingler an der Nicola Steiner prominent Kritiker-Kollegen aus dem däitschsproochege Raum op Lëtzebuerg invitéiert haten, steet elo déi zweet international Kritiker-Ronn an d'Haus. Ënnert dem Titel "Literatur unter 8 Augen" organiséiert den Institut Pierre Werner den 19te Juni e literarescht Sträitgespréich an der Abtei Neimënster. D'Bea Kneip huet sech mam Jérôme Jaminet doriwwer ënnerhalen.

Ënner 8 Aen: international Kritiker-Ronn an der Abtei Neimënster

Et sinn 2 Ziler déi de Jérôme Jaminet virun Aen huet: op der enger Säit geet et him dorëm fir renomméiert Kritiker aus dem Ausland engem Lëtzebuerger Public virzestellen, op der anerer Säit wëll en deene Kritiker och déi Lëtzebuerger Literatur méi no bréngen. Leider di sech jo Lëtzebuerger Auteuren an Editeuren ëmmer nach dacks schwéier domat fir de Sprong iwwert d'Grenzen ze paken an hir Bicher och am Ausland bekannt ze maachen. E Mëssel den näischt mat engem Manktem u Kalitéit ze dinn huet, et si meeschtens éischter organisatoresch Problemer déi am Wee stinn. Villäicht kënnen de Jeff Schinker an de Jérôme Jaminet hire Besuch jo dovun iwwerzeegen, sech och emol méi dacks mat Luxemburgensia ze beschäftegen an se an hire Medien ze rezenséieren! Literatur unter 8 Augen, de Rendez-Vous ass e Mëttwoch 19te Juni owes um 7 Auer an der Abtei Neimënster.
Den Erzielband "Nicht zu spät" vun der Anja Di Bartolomeo ass iwwregens fuschnei! De läschten Donneschdeg ass en eréischt virgestallt ginn, dat zesummen mat "Sou wéi et net war" dem neie Roman vum Claudine Muno. Allebéid sinn se am Verlag "Op der Lay" erauskomm, a  vun elo un an all Bicherbuttek ze fannen.

"Literatur unter 8 Augen" ass e Mëttwoch 19te Juni um 19h00 an der Abtei Neimënster

© Op der Lay

© RTL/Bea Kneip

© RTL/Bea Kneip