Eist Buch vun der Woch huet et dës Kéier a sech an et geet zur Saach. Sex ass nieft drénken an näischt maachen eng vun den Haaptaktivitéiten an dësem Roman an et gëtt alles nawell explizit beschriwwen. Keng Angscht et huet näischt mat Pornografie ze dinn, an awer kënnt et am Roman zu der dach heefeger sexueller Aktivitéit tëscht 2 Mënschen. D'Marie Gales huet d'Buch vum Chip Cheek gelies

Buch vun der Woch: Tage in Cape May

Matleed an och e bëssi Angscht hat ech ëm den Henry, deen zu Cape May säi Kierper entdeckt an en net méi ze kontrolléiere weess. Mir sinn am Land an deem de momentane President vu ''Grap her by the pussy'' schwätzt a paradoxerweis d'Duerchstoussen vun engem Hymen (Jungfernhäutchen) nach eng grouss helleg Saach ass an nees paradoxerweis och mol a soziale Netzwierker versteet gëtt fir deen, deen am meeschte bitt; richteg geroden mir sinn am Land vun den onbegrenzte Méiglechkeeten, an den USA an dat an den 1950er Joren.

Den Henry an d'Effie si frësch bestuet a verbréngen hiren Honeymoon, hir Hochzäitsrees zu Cape May. Endlech sinn se eleng a schlofe fir eng éischte Kéier mateneen, wat awer net berauschend ass. Bannent Sekonnen ass alles aus an un, mä si 2 hu Blutt geleckt a gi sech drun. Si wëssen allerdéngs net ob dëst wat si mateneen dreiwen elo déi grouss Erfëllung fir si 2 ass, si kënne jo kee Verglach maachen. Mä genee wéi an der biblescher Geschicht ''Adam an Eva'' sinn och 2 net eleng op der Welt an d'Schlaang weist sech a Form vun hiren Noperen, dem Alma, Clara a Max, déi gäre feieren an d'Liewe vill méi easy gesinn. Nei Aflëss, nei Reizer an en neie ''way of living'' maache bemol alles spannend an och direkt méi komplizéiert.

Och an dësem Roman schielt sech eraus, dass wann 2 Mënschen dat selwecht maachen, dat awer net dat nämmlecht ass. Den Henry hëlt sech vill Fräiheeten eraus, mä gëtt jalous a verdréit et net wa seng Fra dann dat selwecht mécht.

Ufanks sot ech, ech hätt mir Suergen ëm den Henry gemaach. Et ass och hien, dee mir am beschten am Roman kenne léieren an seng Naivitéit an seng Freed endlech Sex ze hunn, maachen hien zu engem einfachen Affer.

De Chip Cheek säin éischte Roman ass trotz de ville Passagen iwwert de Sex net vulgär, ordinär oder kitscheg, ganz am Géigendeel si liesen sech besonnesch gutt a spannend. D'Personnagen an d'Handlungen am Buch sinn immens gutt geschriwwen, dass een se direkt wéi an engem Film virun Aen huet. De Schluss hätt ech mir e bëssi anescht gewënscht, do gëtt e bëssi séier resuméiert, wéi deenen 2 hiert Liewe viru gaangen ass. Vläicht war et mir och ze traureg an hunn mir en anere Schluss gewënscht. Mä dat mécht d'Buch awer net schlecht an ech kann Iech et just recommandéieren fir e puer lackeleger Stonnen ze verbréngen.

'Tage in Cape May' vum Chip Cheek koum bei Blessing eraus