Dem Tony Kent säin éischte Roman ass en Agenten-Thriller a koum an der däitscher Iwwersetzung bei Heyne eraus.

Den Tony Kent schafft als Affekot zu London a kennt sech dofir exzellent am britesche Justizsystem aus. Mä och hirer kinneklecher Majestéit hir Geheimdéngschter hu keng Geheimnisser méi fir hien. Dat beweist hien a sengem éischte Roman, dem Agenten-Thriller "3,2,1, im Kreis der Verschwörer".

Bei enger Zeremonie zu Éiere vun de briteschen Zaldoten am Irakkrich um Trafalgar Square zu London gëtt de Sir Neil Matthewson, de Minister fir Nordirland a beléifste Politiker a Groussbritannien, vun engem Zuschauer erschoss. Anscheinend wor awer den amerikaneschen Ex-President Howard Thompson, deen nieft him stoung, d’Zil vum Attentäter. Dovu ginn op jiddferfall d’Geheimdéngschtler, an dorënner och den Joe Dempsey, en Agent vum Department of Domestic Security, aus.

Mä dat ännert sech, wéi fir d’éischt den Attentäter, den Eamonn Mc Gale, en nordiresche Katholik, dout a senger Zell vun engem Policekommissariat fonnt gëtt an dono säin Affekot, den Daniel Lawrence ënner mysteriéisen Ëmstänn bei engem Autosakzident ëm d’Liewe kënnt. De Michael Devlin, dem Lawrence säin Associé an d’Sarah Truman, eng CNN-Journalistin, déi als eenzeg wëssen, dass de Lawrence säi Client virun deem sengem Doud besicht huet, an dobäi brisant Revelatioune gemeet krut, geroden an de Fokus vum Joshua, engem Optragskiller.

Nodeems se gläich e puer Mordversich entgaange sinn, flüchten se op Belfast a refugiéiere sech beim Michael sengem Brudder Liam. Iwwerdeems ass den Joe Dempsey dem Joshua op d’Spuer komm an en huet zu sengem Erstaune festgestallt, datt et sech dobäi ëm den James Turner handelt, ee vun sengen Ex-Kollegen beim S.A.S., dem Special Air Service, engem weidere Geheimdéngscht. Hei goufen si zu Scharfschützen ausgebilt an hu geléiert, Leit esou diskret wéi méiglech ëmzebréngen. Dass den Turner anscheinend elo d’Säite gewiesselt huet a schmotzeg Geschäfter mécht, léisst den Joe Dempsey drop schléissen, dass hei eng gréisser Geheimdéngschtoperatioun amgaang ass, eng Operatioun, déi nëmme mam Doud vun engem vun hinnen zwee op en Enn ka goen…

A sengem éischte Roman "3, 2, 1 im Kreis der Verschwörer" geet den Tony Kent dovun aus, dass den Nordirland-Konflikt nees opgeflaamt ass an dass eng nei IRA an déi protestantesch Säit sech op dat bluddegst bekrichen. Mir kréien en Abléck an d’Fonctionnéiere vun deene verschiddene britesche Geheimdéngschter, mä wou dat beim John Le Carré mat subtile Pinselstrécher de Fall ass, geschitt dat hei éischter mam décken Hummer. Schliisslech si mer an engem Action-Thriller, wou sech d’Evenementer iwwerschloe mussen an de Lieser net däerf zur Rou komme bis zum battere, bluddegen Enn. Duerfir kann een "3,2,1,im Kreis der Verschwörer" am Hibléck op déi grouss Vakanz, déi elo gläich kënnt, nëmmen als ideal Lektüre fir an de Plagekuerf recommandéieren !