Kuerz virun der Summervakanz ass et derwäert fir emol nees e Bléck an de Luxemburgensia-Rayon vun Äerem Bicherbuttek ze geheien. Der Meenung ass op alle Fall d’Bea Kneip, well an de leschte Wochen sinn eng ganz Rei interessant Neiheeten erauskomm. Wéi eng, dat gitt Dir elo direkt gewuer.

7mol Luxemburgensia fir de Summer

Fir Grouss a Kleng ass eppes dobäi…dat kann ee wiertlech huelen! Fir déi Grouss reservéiert ass op alle Fall dat neit Buch vum Raoul Biltgen. “Adam spricht” ass eng Sammlung vun 69 kuerzen Texter déi de Schrëftsteller, Acteur a Psychotherapeut zënter 2010 op sengem Internetsite www.adamspricht.com verëffentlecht huet a wou en sech d’Zil ginn huet de Fraen z’erklären wéi dat onbekannt Wiese “Mann” esou fonctionnéiert. Spéitstens beim Ënnertitel: “69 Einblicke in das Liebes-und Sexleben der Männer” gëtt kloer: den Adam hëllt kee Blat virun de Mond a scho guer keen “Feigen-Blat” virun iergendwellech aner Kierperdeeler. “Adam spricht” vum Raoul Biltgen ass am éisterräichesche Kyrene-Verlag erauskomm.

Fir déi méi Kleng gëtt et en neie Band mat Mythen au aller Welt, iwwersat an adaptéiert vum Romain Jeblick. Déi Kéier sinn déi nordesch Mythen un der Rei, spannend erzielt a wonnerbar illustréiert vum Carlo Schneider, den sech mat Odin, Thor a Compagnie esou richteg austobe konnt. An als klengen Extra gëtt et déi Kéier souguer e Lauschterbuch dobäi. Déi nordesch Mythen vum Romain Jeblick sinn an der Editioun Friederich-Schmit erauskomm.

Et ass ni ze spéit! Oder? Dat kann een esou oder esou gesinn. Net ze spéit fir sech z’entschëllegen, op de Mars ze fléien, oder en Zuch ze verpassen deen een eigentlech guer net huele wollt. Der Anja Di Bartolomeo hir Personnagen fannen sech an den ënnerschiddlechste Situationen erëm, an engem Fliger a 6700 Meter Héicht, bei engem nostalgeschen Diner am Restaurant oder virun engem Aquarium. “Nicht zu spät”, den neien Erzielband vun der Anja Di Bartolomeo ass bei Op der Lay erauskomm.

Aus dem selwechte Verlag kënnt och den neie Roman vum Claudine Muno. An och hei kënnt en Aquarium dra vir. Mä dat ass schonn alles wat déi zwee Bicher gemeinsam hunn. Haaptfigur ass de Simon, den eelste vun dräi Bridder dee wéi selbstverständlech déi Verantwortung iwwerhëllt, fir déi eigentlech de Papp zoustänneg wier. Deen ass awer ni doheem, an esou leeft de Simon Gefor vun elauter Flichtgefill säin eegent Liewen ze verpassen. “Sou wéi et net war” vun der Claudine Muno ass bei Op der Lay erauskomm.

Autobiografesch Zich huet dat zweet Buch vum norwegesch-lëtzebuergeschen Auteur Tomas Bjørnstad. Dertëscht ëmmer nees Zeenen aus enger Tëschewelt, apokalyptesch Zukunftsvisiounen, an de Blog vun enger jonker Fra déi un enger Sucht leid virun der se net fortlafe kann. Orientéierung an Orientéierungslosegkeet an enger Welt fir déi et keng Gebrauchanweisung gëtt, en Danz um Vulkan. “Die Tanzenden” vum Tomas Bjørnstad ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm.

“Face” ass dat englescht Wuert fir “Gesiicht”, op Lëtzebuergesch bezeechent et déi zwee Kierperdeeler mat deene mer hoffentlech fest um Buedem stinn. Sou huet dem Roland Harsch säi grousst Féissbuch och näischt mat sozialen Netzwierker ze dinn, mä éischter mat Quadratlatschen, Sténkféiss a perfekt lackéierten Zéiwenneel. Féiss an allen hiren Zoustänn an an alle Variatiounen, zu allen Zäiten an alle Kulturen. An um Fousstuer duerch d’Buch gëtt een vun den Illustratiounen vum Michel Geimer begleet.  “Dat grousst Féissbuch” vum Roland Harsch ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm.

D’Léift an den Zäite vum Internet gëtt an engem neien Theaterstéck vum Guy Helminger thematiséiert, dir wësst schonn, all 11 Minutten verléift sech e Single…A wann Dir déi éischt Opféierungen vun “Jockey” am Kasemattentheater verpasst hutt, da kënnt Dir Iech mam Buch tréischten! Iwwregens, an der nächster Saison sinn nach Opféierungen zu am Escher Theater an am Nidderaanwener Kulturhaus geplangt. D’Buch “Jockey” ass  bei capybarabooks erauskomm.