Déi schéinste nordesch Mythen op Lëtzebuergesch

24.00 € TTC

Elo ass en do, deen zweete Band mat deene schéinste klassesche Mythen op Lëtzebuergesch. No deenen aus dem ale Griichenland ass et elo un deene spannenste Geschichten aus dem europäesche Norden. D’Texter goufe vum Carlo Schneider illustréiert an – an dat ass nei – goufen am Studio vum Jang Linster vertount vu Perséinlechkeeten aus dem Lëtzebuerger Kulturliewen. Am Buch ass also och e Lauschterbuch. Esou kënnen och Leit, déi net oder net gutt gesinn, Freed un engem weidere Stéck Weltliteratur a Lëtzebuerger Sprooch hun.

"Wéi ech menger Famill, menge Frënn a Bekannten ugekënnegt hunn, datt deen zweete Band mat de klasseschen ale Mythen aus dem europäesche Norde gefëllt sollt ginn, war d’Begeeschterung immens grouss. Oft hunn d’A gefonkelt a jiddereen huet deen een oder aneren Acteur aus där sougenannter nordescher Mythologie genannt, huet sech u spannend Geschichten erënnert, déi en an der Jugend matkritt huet. Ëmmer war d’Uerteel datselwecht: D’Mythe ronderëm Odin, Thor & Ko hu si gepräägt, déif gepräägt, sief et duerch Texter, Biller oder Filmer. Allerdéngs konnten d’Leit seelen ee gréisseren Zesummenhang opzeechnen. E gewëssene Flou war erkennbar, deen op dëser Plaz e bësse méi schaarf Konture kréie soll..." (Romain Jeblick)