Wie gär britesch Krimie liest an dobäi de Flair vun der wëller englescher Küstelandschaft genéisse wëll, ass bei dësem Buch richteg.

De Krimi « Nachts schweigt das Meer » spillt nämlech op de Scilly-Inselen, wou et och mol rau hiergoe kann.
D’Inselbewunner sinn e Vollek fir sech – dat denkt och den Detective Inspector Ben Kitto. Hien ass selwer op der Insel Bryher opgewuess, ass awer duerno fir seng Aarbecht op London geplënnert a war laang net méi doheem. U sech hat hien eng Paus vun der ustrengender Aarbecht als Undercover Agent zu London virgesinn. Mee et kënnt ganz anescht. Knapps ass en a sengem alen Doheem ukomm, geschitt e Mord. An zwar ass dat 16-järegt Laura brutal erstach ginn. Wien huet e Grond fir dat schéint an liewensfrout Meedchen ëmzebréngen?

Den Doud vum Meedche schockt di ganz Insel, an op emol schéngen déi meescht Awunner e Motiv gehat ze hunn. De Ben Kitto ka net anescht a stierzt sech an d’Aarbecht – hien huet duerch d'Londoner Mordkommissioun méi Erfarung an esou schlëmme Fäll, wéi d’Police vun der Insel.

Obwuel déi ugangs wëll, mä awer schéi Landschaft um Mier, an d’Duerf-Atmosphär vun der klenger Insel ganz gemittlech wierken, mierkt ee beim Liesen no a no, datt laang net alles esou leeft, wéi et soll. D’Inselbewunner verstoppe gären hir Onzefriddenheet, hire Frust an hir Suergen – grad, well jidderee jidderee kennt. An och d’Laura schéngt e puer Geheimnisser gehat ze hunn. De Ben, dee mëttlerweil d’Anonymitéit vun der Groussstad gewinnt ass an erëm zréck op d'Duerf kënnt, muss sech erëm doru gewinnen.  Well hien all d'Awunner vu fréier kennt a et souguer deelweis nach Frënn vun him sinn, ass d’Sich nom Mäerder immens delikat. Spéitstens wann deen eng zweete Kéier zouschléit, geréit de Ben ënner Drock.

No a no gi mer och gewuer, datt de Ben och net just Vakanz op der Insel mécht. D’Paus vu London huet nach en anere Grond huet.  An « Nachts schweigt das Meer » geet et zwar haaptsächlech ëm de Mord um Laura, mä och d’Geschicht vum Inspekter spillt eng Roll. Spéitstens wann de Ben dat mysteriéist Nina kenneléiert, daucht een beim Liesen an d’Privatliewe vum ugangs reservéierten Inspektor an.

« Nachts schweigt das Meer » ass der Kate Penrose hiren éischte Krimi. Datt d’Autorin selwer vun der Insel ass, erkennt een direkt, well nëmmen e Kenner kann di wëll Atmosphär vun der Landschaft, vum Mier an de Leit esou beschreiwen.  Et mierkt een awer munchmol um Stil, datt de Krimi eng Iwwersetzung aus dem Engleschen ass. Am Däitsche ginn et zum Beispill e puer Vergläicher an Tournuren, déi plomp wierken. Och der Autorin hir Charaktere kéinte méi ausgebaut sinn – heiansdo feelt et der Figur un Déift. Mä d’Geschicht ass spannend a wéi bei ville Krimie rot ee mat, wien de Mäerder kéint sinn.

Wien also no enger liichter Summerlektüre sicht, leit bei « Nachts schweigt das Meer » richteg, och wann d’Sonn op der rauer Insel net ëmmer schéngt!

D'Buch koum am S. Fischer Verlag op däitsch eraus.