Erzielungen a grafesch Geschichten.

NEI BEI DEN ÉDITIONS GUY BINSFELD // OKTOBER 2019

SAMUEL HAMEN / MARC ANGEL
„ZEEECHEN“
ERZIELUNGEN A GRAFESCH GESCHICHTEN

Dräimol zwou Geschichte vereent dës Kollaboratioun tëschent dem Auteur Samuel Hamen an dem
Zeechner Marc Angel. Et si Geschichte vum Opwuessen zu Lëtzebuerg an den Nonzeger a fréien
Zweedausenderjoren, déi op där enger Säit vum Samuel Hamen a Prosaform presentéiert an op
där anerer Säit vum Marc Angel als Comic interpretéiert ginn.
Bal, Elo an Djö nennen sech déi dräi Erzielungen, an deenen Erënnerungen un Erliefnisser beschriwwe
ginn, déi zum Deel ganz perséinlech sinn an zum Deel vun enger ganzer Generatioun gedeelt ginn. Vun
der Kandheet bis an de jonken Erwuessenenalter begleet de Lieser de Personnage duerch säi Liewen. Hie
ka sech net entscheeden, ob en Noriichten iwwert 9/11 oder MTV kucke soll, kuckt no, wéi de Georges
Christen lëtzebuergesch Bicher zerrappt, an erfënnt mam komesche Jong aus der Klass nei Kontinenter
op der Schoulbänk.
Den Auteur verschafft an Zeeechen seng Kandheet a Jugend op eng literaresch Manéier, mee wat dovunner
ass wierklech real a wat huet sech de jugendleche Geescht zesummegereimt a bis zur Onkenntlechkeet am
erwuessene Kapp weidergesponnen? Am Zesummespill mam Marc Angel senge grafesche Geschichten
erëffne sech komplett nei Perspektiven op dës Froen. Seng Tuschzeechnunge verwandelen d’Geschichten
a surreal Aventuren, an deenen aus klengen Detailer ganz Welten entstinn an eng ganz eegen Approche
zu Figuren, Plazen a Motiven ze erkennen ass.

SAMUEL HAMEN
De Samuel Hamen ass 1988 gebuer, war zu Dikrech am Lycée a studéiert op der Universitéit Heidelberg.
Als fräie Kulturredakter schafft hien ë. a. fir d’Lëtzebuerger Land, ZEIT ONLINE an Deutschlandfunk.
Hien huet a lëtzebuergeschen, däitschen a schwäizer Literaturzäitschrëfte publizéiert a krut 2016 den
Hans-Bernhard-Schiff-Preis. Säin Debut V wéi vreckt, w wéi Vitess ass 2018 erauskomm a gouf fir de
Servais Präis an de Lëtzebuerger Buchpräis nominéiert. Zeeechen ass seng zweet Publikatioun bei den
Éditions Guy Binsfeld.
MARC ANGEL
De Marc Angel, 1960 zu Dikrech gebuer, ass säit méi wéi zwanzeg Joer als selbststännege Grafikdesigner
an Illustrator aktiv. Ufanks huet e virun allem Optragsaarbechte gemaach, mëttlerweil schafft hien och
vill als Comicauteur an -zeechner an als fräischaffende Moler a Grafiker. Hie publizéiert gréisstendeels
am Selbstverlag ënnert dem Pseudonym Mangro.

SAMUEL HAMEN / MARC ANGEL
ZEEECHEN
Erzielungen a grafesch Geschichten
80 Säiten
Hardcover
190 x 250 mm
ISBN 978-99959-42-52-6
24 EUR