No "Krokodilwächter" ass "Blutmond" den zweete Kopenhagen-Thriller vun der dänescher Autorin Katrine Engberg. E Méindeg den 11ten November ass si zu Lëtzebuerg wou si dann och liese wäert. Detailer vum Literaturkritiker Jérôme Jaminet um Mikro vum Bea Kneip

Liesung Katrine Engberg

De Méindeg 11ten November vun 18h30 bis 20h00 ass d'Katrine Engberg an der Librairie Ernster, 27, Rue du Fossé, an der Stad. Hir Bicher "Krokodilwächter" a "Blutmond" sinn am Diogenes Verlag erauskomm.