Ach so! ass erauskomm am kiwi-Verlag

Lëscht Joer ass dem Ranga Yogeshwar säi Buch „Sonst noch was“ an Däitschland op de Maart komm an direkt an de Bestseller-Lëschten no vir katapultéiert ginn. Am Ganze goufen et dovunner 23 Oplagen an et ass an 8 Sproochen iwwersat ginn. An dësem praktesche Guide huet de Wëssenschaftsjournalist 108 Froe gestallt an dorobber eng recherchéiert Äntwert ginn.. Ob et ëm de Fraen hir kal Féiss gaangen ass oder d'Wierkung vu Sonnecrèmen. Mee Froe ginn et der vill méi wéi 108 an dofir huet de Ranga Yogeshwar dann elo en zweete Band erausbruecht mam kuerzen Titel „Ach so!“. An dat kann ee liesen a lauschteren, well dat neit Buch vum Ranga Yogeshwar ass och als Lauschterbuch ze kréien. Do erzielt de Ranga da selwer wat zum Beispill Viruerteeler bewierken.
Grad dëst Beispill ass awer eent vun deenen, déi beleeë wat am zweete Buch anescht ass wéi am éischten. Um Prinzip an um Opbau huet sech näischt geännert. Och déi Kéier stellt de Ranga Yogeshwar bal schonn Allerweltsfroen ob déi een dann awer net direkt eng Äntwert weess. D'Kapitelen si kuerz, präzis an explizit, sou wéi een et aus sengen Emissiounen op der däitscher Tele kennt. An trotzdem geet de gebiertege Lëtzebuerger déi Kéier nach e Schrëtt méi wäit.
De Resultater an Äntwerten op d'Froe kann ee blann vertrauen. Eng vun den wichtegste Viraussetzunge fir esou Bicher ze publizéieren, ass déi datt den Auteur näischt iwwerhëlt a kopéiert, mee all Experimenter selwer gemaach huet.
Dozou gehéiere sécherlech Alldags-Situatioune wéi déi datt ee kräischt wann een Ënne schielt oder datt een erféiert wann ee seng eege Stëmm an enger Opnam héiert ass ech quasi net erkennt.
99 Mol kann een „Ach so“ soe beim Liesen.. 99 Mol kritt een eng recherchéiert Äntwert op Froen, déi an 9 Kapitelen opgedeelt sinn: Kichen, kléng a grouss Katastrofen, Natur, d'Physik vum Liewen, d'Virukommen, wou d'Wierder hierkommen, Kierper a Geescht, Mënschleches an allze Mënschleches an um Enn heescht et „Ein Blick über den Tellerrand“... déi lescht Fro vum Buch ass déi ouni Äntwert... mä och do gëtt een eppes gewuer.
D'Buch „Ach so“ vum Ranga Yogeshwar ass am kiwi-Verlag erauskomm an Zesummenaarbecht mam WDR.