D'Communauté de communes du Pays Haut Val d’Alzette stinn nämlech am Mee, zesumme mat Beetebuerg, am Mëttelpunkt vun der europäescher Kulturhaaptstad.

Amplaz awer hire kulturelle Programm am Kader vun enger traditioneller Pressekonferenz ze presentéieren, goufen d'Vertrieder vun der Press e Mëttwoch de Moie kuerz virun 10 Auer beim neie Kulturzenter "L'Arche" zu Villerupt vun engem Bus ofgeholl a sinn, zesumme mat den Organisateuren, d'Raimlechkeete fir déi verschidde Projete kucke gaangen.

Den Optakt vum Mount mécht Villerupt dëse Weekend mat hirem 6 Stonne laangem Open-Air Spektakel „Bal Pop“. Dëse gouf mat professionelle Kënschtler an Amateurskënschtler iwwer déi lescht 2 Joer ausgeschafft a soll, duerch eng Kombinatioun vun Danz, Musek an Theater, d'Geschicht vu Villerupt a sengen Awunner vun 1945 bis haut retracéieren.

Den 8.Mee gëtt zu Boulange am Espace Riom de "Banquet des Utopistes" organiséiert an den 20.Mee gi beim Apero iwwer Essaien, Poesie an Texter, déi d’Thema Europa behandelen, geschwat.

Zu Villerupt kann een d'interaktiv a performativ Installatioun "The Assembly" vum 13. bis de 15.Mee entdecken, an zu Russange erënnert ee sech den 18. an 19.Mee beim musikalesche Spektakel "La Marche des Oublié.e.s de l'Histoire" un déi Leit, déi an dëser Regioun iwwersinn a vun der Geschicht vergiess ginn.

Weider kann de Public den 13.Mee am "Carreau de la mine St-Michel" déi zäitgenëssesch Oper „Totem ou un sens commun“ materliewen.