Op der fréierer Schmelz vun der Arbed Diddeleng kritt ee vun dësem Freiden an nach bis Enn Oktober en Abléck an de Minett, fréier an haut.

Am Kader vun der Kulturhaaptstad "Esch 2022" gëtt d'Ausstellung "Minett-REMIX" an zwou fréiere Schmelz-Halen organiséiert. Zil ass et, de Minett an all senge Formen z'entdecken. D'ASBL "Industriekultur"- CNCI ass fir d'Organisatioun responsabel.

6.000 Meter Carré grouss ass d'Hal. En Deel vun dëser Surface gëtt genotzt fir d'Expositioun "Fraen am Minett". Hei gëtt vun A bis Z sou zimmlech alles gewisen. Virun 2 Joer koum d'Iddi op, fir den industrielle Patrimoine vum Minett opliewen ze loossen.

Nieft dem Stolwierk spillt och de fréieren Zentralatelier vun der Arbed Diddeleng eng wichteg Roll an der Expositioun "MinettREMIX". Déck, schwéier Maschinne stoungen do. Dréierei, Schlässerei an d'Schmëtt waren zu Zäiten vun der Schwéierindustrie hei am Zentralatelier ënnerbruecht.

E Freideg ass de Vernissage. Bis dohinner gëllt et nach, e puer Panneauen opzehänken an nach eemol kieren. De "Minett REMIX" ass op vu mëttwochs bis sonndes nomëttes tëscht 2 a 7 Auer.

Den Entrée ass gratis.