Am Kader vun Esch 2022 kucke mir all Mount op Perséinlechkeeten aus de Südgemengen an erzielen hir Liewensgeschichten.

D’Schlass zu Fëschbech – haut ass et am Besetz vun der groussherzoglecher Famill. Ma d’Herrschaft vu Fëschbech ass mat eng vun den eelsten hei zu Lëtzebuerg. Den éischten Här war den Udo vu Fëschbech am Joer 1050. D’Gemaier vum Schlass hunn schonn sou munches materlieft. Am 30 järegen Krich gouf d’Schlass 1635 vu polneschen Zaldoten ofgebrannt. 1768 krut d’Schlass nei Noperen – en Héichuewen  an eng Schmëdd. Am zweete Weltkrich ass e gudden Deel vun der Ariichtung an de Konschtgéigestänn aus dem Schlass geplëmmt ginn.

RTL

Den Groussherzog Wëllem den Zweeten, den Adolphe vu Nassau, Grande-Duchesse Charlotte an den Charles Joseph Collart hunn all am Schlass zu Fëschbech gewunnt.  De Collart huet esou senge 4 Bouwen e bedeitend Verméigen hannerlooss. D’Schlass zu Fëschbech, Dummeldeng, Schengen an d’Beetebuerger Schlass, och Collart Schlass genannt. De leschten aus der Famill Collart deen national bekannt war war den Eugène Auguste Collart, deen 1890 zu Beetebuerg am Schlass op d’Welt komm ass.

Den Auguste Collart hat vill verschidden Kapen un. Hien war Industriellen, Bauer, Politiker, Diplomat a Publizist. Vun 1918 bis 1920 war hien Minister fir Landwirtschaft, Industrie, Handel an Aarbecht. Den Auguste Collart huet an dëser Zäit ënner anerem den 8 Stonnen Dag ouni Lounverloscht agefouert. 1919 huet hien d’Ännerungen an der Lëtzebuerger Verfassung mat ënnerschriwwen, dorënner dat allgemengt Walrecht fir Männer a Fraen.

Vun 1921 bis 1933 war den Auguste Collart Buergermeeschter vun der Gemeng Beetebuerg an war an deem selwechten Zäitraum Deputéierten an der Chamber.

1941 – den Auguste Collart kënnt wéi vill Lëtzebuerger di sech géint de Nazi Regime ausgeschwat hunn an d’KZ op Hinzert. Ee Joer mi spéit sinn hien, seng Fra a seng Duechter, mat als eng vun den éischten Lëtzebuerger Familljen, op Leubus a Polen ëmgesidelt ginn. Réischt nodeems de Krich eriwwer war ass d’Famill Collart zréck op Lëtzebuerg komm.

RTL

Seng Erliefnisser beschreift hien a senge Memoiren «Aus der schroer Zäit». Auszich dovunner huet den Auguste Collart 1945 an 46 an der Zeitung verëffentlecht. Fir säin Text huet hien all Aart vun däitsch Rechtschreiwung ignoréiert, dofir ass zum Beispill keen «sch» an keng Groussschreiwung dran.

Nieft dem Emmanuel Servais, Nik Welter an dem Pierre Werner ass den Auguste Collart ee vun de wéinegen Lëtzebuerger Politiker déi hir Memoiren verëffentlecht hunn.

D'Collarts-Schlass, dat ëm 1730 gebaut gouf, ass 1971 un d'Beetebuerger Gemeng verkaaft ginn. 7 Joer dono ass den Auguste Collart am Alter vun 88 Joer verstuerwen.

RTL

«Loosst de Kapp net hänken, an deejéinegen deen et trefft, muss genee wéi d’Helden an de KZer ouni ze zécken onschëlleg den Doud op sech huelen - fir d'Heemecht an eis Grande-Duchesse Charlotte.» dem Lëtzebuerger Auguste Collart seng Wierder 1942.