Invitée: D'Direktesch vum Escher Theater Carole Lorang iwwer den Ariston, ausserdeem d'Bridderhaus an de Skulpturewee duerch Esch.

D'europäesch Kulturhaaptstad Esch krut dës Woch gläich 3 nei Attraktiounen.
De fréiere Kino Ariston ass als neien Theatersall nieft dem Escher Theater opgaangen, fir d'Direktesch Carole Lorang ass domadder e grousse Wonsch an Erfëllung gaangen.

De Joël Seiller hëlt eis mat an d'Bridderhaus, eng fréier Klinik, an där elo Kënschtler-Residenze sinn.

An d'Patricia Baum mécht eng Visite Guidée vum neie Skulpturewee "Nothing is permanent".

No Art On Air, aus dem Gudde Wëllen, presentéiert vum Christiane Kremer.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.