Et ass d'Woch vun den Open-Air-Concerten zu Lëtzebuerg: Usina, Fête de la musique, Belval.

E Sonndeg de Mëtteg stoung beim Héichuewen zu Esch alles am Zeechen vun der Lëtzebuerger Musek. Mam OPL ënnert der Directioun vum Gast Waltzing sinn eng Rei Museker a Bands aus verschiddene Generatiounen opgetrueden.

Eng 3000 Leit waren trotz Hëtzt applaudéiere komm. Den Direkter vun der Rockhal Olivier Toth ass mat de Concerten dës Woch ganz zefridden.

Et wier den Organisateuren fir den Event zu Esch och am Kader vum Kulturjoer wichteg gewiescht ze weisen, Lëtzebuerg vu senger beschter Säit ze weisen. "Dat wat mer haut op der Bün hunn, dat ass Lëtzebuerg", esou den Olivier Toth.