Am Kader vun Esch 2022 kucke mir all Mount op Perséinlechkeeten aus de Südgemengen an erzielen hir Liewensgeschichten.

Ufank 20. Joerhonnert - d’Rennen ëm den Titel vum éischten abstrakte Bild geet lass. Mat um Start de russesche Moler Wassily Kandinsky géint di schwedesch Molerin Hilma af Klint. Hiert Renne leeft parallel mee op zwou verschidde Plazen op der Welt. D’Konschtgeschicht huet de Kandinsky schonn als Gewënner festgeluecht mam éischten abstrakte Bild, dat hien 1910 gemoolt huet. Datt de Kandinsky awer scho laang iwwerholl ginn ass, war zu deem Zäitpunkt net bekannt. D’Hilma af Klint huet nämlech dat alleréischten abstrakte Bild 1907 gemoolt a gewënnt domat den Titel.

RTL

De Kandinsky gëllt haut awer trotzdeem als Grousspapp vun der Abstraktioun, hien huet den theoretesche Grondstee geluecht. Ee Steen dovunner ass di lyresch Abstraktioun. Hei geet et drëms dem Kënschtler seng Gefillswelt mat abstrakte Formen a Faarwen duerzestellen an dat op eng spontan an intuitiv Manéier. Ee vun de wichtegste Lëtzebuerger Vertrieder vun der lyrescher Abstraktioun ass de François Schortgen.

RTL

De François Schortgen huet laang Zäit vu sengem Liewen zu Éilereng gewunnt an hat och do säin Atelier - ma gebuer ass hien awer 1935 zu Esch. Schonn zënter sengem 13. Liewensjoer huet hie leidenschaftlech gäre gemoolt. De François Schortgen hat e groussen Honger no Aventuren a mat 19 Joer zitt et hie fir di éischte Kéier wäit fort vun doheem - op Alaska an an den Norde vu Kanada.

1896 a Kanada - beim Klondike River gi Goldfelder fonnt déi de gréisste Goldrausch an der Geschicht ausléisen. A Masse wanderen d’Leit a Kanada op der Sich nom wäertvolle Gold. Bis haut sinn am Ganze 570 Tonne Gold an der Klondike Regioun fonnt ginn. De François Schortgen huet an de 1950er Jore Bekanntschaft mat de leschte Pionéier vum Klondike Goldrausch gemaach. Ma awer och seng Renconter mat den Inuit an de Schamanen huet de Kënschtler nohalteg gepräägt. Hien huet eng Zäit mat hinnen zesumme gelieft an domat och d’Inuit -Konscht kennegeléiert.

Seng Reesen hunn de François Schortgen net nëmmen als Mënsch mee och als Kënschtler staark gepräägt. A sengem ëmfangräiche Wierk spigelen sech ëmmer erëm seng Aventuren an Erliefnisser. De François Schortgen ass och reegelméisseg a China gereest an huet an den 1980er Joren d’Handwierk vun der chineesescher Kalligraphie geleiert.

Seng alleréischt Eenzelausstellung hat de François Schortgen an der Galerie Lauriston zu Paräis. Leider sinn dem Kënschtler seng Wierker, nom Doud vum Proprietär alleguer verluer gaangen. Zënter de 1960er Joren huet de Kënschtler un Eenzel a Kollektivausstellungen Deel geholl an haut si vill vu senge Wierker a privaten oder ëffentleche Kollektiounen zu Lëtzebuerg an am Ausland.

RTL

De François Schortgen war e Kënschtler deen immens vill produzéiert huet - hie war e richtegt Schaffpäerd - an dat och am héijen Alter. 2015 ass de François Schortgen mat 79 Joer verstuerwen. Bis haut gëllt de Kënschtler als de wichtegste Vertrieder vun der lyrescher Abstraktioun an der moderner Konscht hei zu Lëtzebuerg.