Planzen, déi zwitscheren, wann ee se heemelt, faarweg Medusen, déi mat engem schwammen a sangen oder een digitale Bësch, deen ee verzaubert.

Dës besonnesch Erliefnisser kann de Visiteur den Ament am Kader vun Esch 2022 an der Möllerei op Esch-Belval entdecken. D’Christiane Kremer hëlt eis mat an d’Expo "Earthbound – in Dialogue with Nature".

Dës interaktiv Ausstellung steet ganz ënnert dem Motto "Remix Nature" vun Esch 2022. Konscht an Technologië ginn hei fusionéiert a ginn zu futuristeschen Alternativen, déi eis hëllefe kënnen, d’Problemer a Bezuch op de Klimawandel ze léisen.

D'Möllerei zu Esch, wou fréier Rostoffer gelagert gi sinn, ass ausserdeem eng interessant Platz fir iwwer d’Ressourcëknappheet opzeklären.

Dës Ausstellung ass a Kollaboratioun mam HEK (Haus der elektronischen Künste) zu Basel entstanen a weist Projete vun 19 Artisten aus aller Welt.

Françoise Poos, Artistesch Direktesch Esch 2022: "Dat ass fir ze weisen, dass d'Artiste sech ganz ganz staark mat dem Thema vun der Nohaltegkeet beschäftegen, vun der Ekologie, och vun der Natur, déi selwer ebe gesinn, wéi wichteg et ass, fir doriwwer ze schwätzen a si maachen dat natierlech jiddereen op seng Aart a Weis a ganz verschidden."

Nieft Planzen, déi schwätzen, a Medusen, déi sangen, ginn och Naturkatastrophe wéi Äerdbiewen imitéiert an och dat wäisst Nashorn, dat vum Ausstierwe bedrot ass, gëtt digital rekonstruéiert.

Françoise Poos: "Dat ass am Fong dowéinst, wou mir dee Fokus op déi digital Medie gewielt hunn, well déi eis erlaben, déi Connectioun ze etabléieren, déi mir eleng als Mënschen net ëmmer kënnen."

D'Skulptur "Korallysis" vum mexikanesche Kënschtler Gilberto Esparza gouf mat Hëllef vun der Wëssenschaft esou konzipéiert, dass se een neie Liewensraum fir Mieresdéieren a Koralle schafe kann. Electrolysis heescht de Phänomen, deen Elektrizitéit duerch Mieresstréimung notzt a Kalzium-Carbonat a Magnesium an d’Salzwaasser leet, wat gutt ass, fir de Wuesstem vu Korallen.

Vincent Crapon, Coordinateur visuell Konschtausstellungen (Esch 2022): "Ça a commencé par des structures plus fines en fait, qui flottaient et ensuite, l’artiste s’est rendu compte qu’il pouvait aller plus loin et créer une véritable sculpture, une véritable œuvre cinétique, parce qu’elle en fait s’active, elle bouge, qui permet cette régénérescence."

Éischt Resultater ginn et och schonn, sou de Vincent Crapon.

"Il y a des résultats, donc une première œuvre a été immergée, il y a plus d’un an et en fait elle est couverte de corail et d’autres espèces."

D'Expo bitt Grouss a Kleng d’Méiglechkeet, sech iwwer Problemer a Léisunge vum Klimawandel ze informéieren.

D'Ausstellung "Earthbound" leeft nach bis de 14. August an der Möllerei op Esch Belval.