Vun e Freideg den Owend bis den 10. September inclus gëtt zu Esch dee kréinenden Ofschloss vun den Escher Kulturnuechte gefeiert.

Ganz nom Motto "Metamorphose" begleet déi 5. a lescht Nuit de la Culture d'Eisemetropol déi nächst 9 Deeg bei hirem Wandel vun der industrieller zu der kreativer Stad.

Ëm déi 100 Konschtprojete sollen de Public an de Quartieren Al Esch, Uecht a Brill zum Staune bréngen. Vu Concerten iwwer Ausstellungen an Ateliere bis hin zu enger akrobatescher Fantasierees mat 37 lokalen an internationalen Artisten.

D'Preparative fir déi 5. a lescht Escher Kulturnuecht waren déi lescht Deeg iwwer op Héichtoure gelaf. Ugefaange bei engem Food Market op der Gemengeplaz bidde Geschäftsleit a Kënschtler vun Esch dem Public bis den 10. September déi verschiddenst Animatiounen a kreéieren esou op en Neits ee Fest vun den Entdeckungen an der Renconter.

Schonn zanter Mäerz huet d'Nuit de la Culture zur Metamorphos vun der Minettsmetropole bäigedroen.

Ee vun deene ville Projeten, déi et vun e Freideg un uechter ganz Esch ze entdecke gëtt, ass d'Ausstellung "Terre d'origine" vum Kënschtlerduo Sandy Flinto a Pierrick Grobéty. Bei dësem Konschtprojet geet et virop ëm Racinnen, Kultur a Migratioun.

Zu den absolutten Highlighte vun där leschter Kulturnuecht gehéiert d'Performance "REESCH" um ArcelorMittal-Site Esch/Schëffleng. Eng imaginär an immersiv Rees duerch d'Geschicht vun Esch, geleet vun 20 internationalen a 17 lokalen Dänzer an Akrobaten. Kreéiert huet dëse Spektakel den artisteschen Direkter vum Cirque du Soleil, de Sean McKeown, dee selwer an enger australescher Stolstad opgewuess ass.

E Freideg an e Samschdeg den Owend kann ee sech um Industriesite vu "REESCH" begeeschteren loossen an dat ganz fir näischt.

Dee komplette Programm vun der 5. Nuit de la Culture fannt Dir hei.