Wat ass eigentlech de Minett a wien ass de Mineur?

Genee dës Froe beäntwert de Spektakel „Den neie Mineur“, andeems en de Spectateur mathëlt op eng musikalesch-theatralesch Zäitrees. Den Text aus der Fieder vum Rosch Seimetz gräift Themen op wéi d‘Privatliewe vun de Mineuren an dat ugespaante Verhältnis tëscht Aarbechter a Minnebesëtzer. „Den neie Mineur“ ass net just ee Musical iwwer a fir d‘Regioun, ma e gëtt och vu ganzer 9 passionéierte Museks-, Gesangs- a Schauspillveräiner aus der Regioun op d‘Bün bruecht. An den Haaptrolle sinn de Jean Bermes, d’Thea Engel, d’Caroline Klein an de Loïc Schlentz ze gesinn.

Ganz am Sënn vun engem Musical soll d‘Musek d‘Geschicht net just ënnersträichen, ma dem Public de Sujet méi zougänglech maachen. An dësem Fall, maachen dat al Aarbechterlidder, vum "Minnelidd" iwwer d’"Proletenpassion" bis hin zu "Bella Ciao".

Nach ass vill ze dinn, ma e Freideg den Owend ass dann endlech déi grouss Première. Gespillt gëtt bis den 18. September inclus.