D’Qualitéit vun der Diddelenger Uergel ass europawäit bekannt a viru kuerzem war zu Diddeleng en Improvisatiouns-Cours.

Improviséieren heescht : Et spillt een net Nouten, déi ee vun engem Blat liest, mee et spillt ee méi oder wéineger fräi aus dem Kapp eraus, wat engem afält, ouni dass ee sech virdru vill Gedanke konnt maachen.

Zu Diddeleng konnt ee sech fir Couren aschreiwen, wou ee sech an der Improvisatioun verbessere konnt, ënnert der Leedung vu bekannten Organiste wéi dem Wolfgang Seifert vu Berlin, dem Baptiste Florian Marle Ouvrard vu Paräis an dem Paul Kayser vu Lëtzebuerg.

Fir ze improviséieren, brauch een natierlech en technesche Bagage, et muss een eng Uergel spille kënnen an et sollt een am Gehier vill Musek gespäichert hunn.

Improviséieren ass e spannenden Exercice op der Uergel, fir den Organist a fir d’Nolauschterer.